D Europäescht Parlament. Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie
|
|
- Tomas Sachs
- vor 6 Jahren
- Abrufe
Transkript
1 LU D Europäescht Parlament Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie
2 IMPRESSUM Responsabelen Editeur: Europäescht Parlament Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg Editioun 2017 Gestaltung: Comed Fotoen: Europäesch Unioun, 2016: Säite 4 bis 6, 10 bis 20 a 25 istockphoto.com: Titelsäit, Säiten 2 an 23 L Conception & Design : IDEA Unit Print : Printing Unit DG ITEC, EDIT Directorate European Union, EP
3 INHALT Virwuert... S. 3 D Europäescht Parlament als Acteur, deen Iech nolauschtert... S. 4 D Zesummesetzung vum Europäesche Parlament... S. 6 Déi aner Institutioune vun der Europäescher Unioun... S. 8 D Realisatioune vun der Europäescher Unioun... S. 9 D lëtzebuergesch Membere vum Europäesche Parlament stelle sech vir... S. 10 Den Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg... S. 22
4 2 } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
5 VIRWUERT An dëser Brochure stelle mir Iech d Europäescht Parlament vir, seng sechs lëtzebuergesch Memberen an den Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg. Si ass Äre Schlëssel fir d Europäescht Parlament a bitt Iech d Méiglechkeet, Iech um Lafenden ze halen a mat de Membere vum Europäesche Parlament a Kontakt ze bleiwen. D europäesch Integratioun huet dozou bäigedroen, Konflikter ze verhënneren an e gemeinsame Marché fir méi wéi 500 Millioune Bierger opzebauen. Déi aktuell sozial an ekonomesch Situatioun an Europa wéi och d Flüchtlingspolitik hunn eis awer virun Ae gefouert, datt den Integratiounsprozess vun enger Vertrauenskris iwwerschiet gëtt an dohier kontinuéierlech verbessert muss ginn, fir datt de Suerge vun de Bierger nach méi staark Rechnung gedroe gëtt. D Membere vum Europäesche Parlament sinn all Dag bestrieft, op d Erwaardunge vun de Leit anzegoen. Fir no vir ze kommen, muss Europa capabel sinn, déi Problemer ze léisen, déi fir Iech wichteg sinn. D Europäescht Parlament ass de Forum vun der Demokratie an dem Debat ronderëm den zukünftege politesche Wee vun der Europäescher Unioun. De Fonctionnement vum Europäesche Parlament nach besser ze kennen ass eng wichteg Viraussetzung, fir en Deel zu dësem Debat bäizedroen a gemeinsam d Zukunft vun Europa ze gestalten! Den Informatiounsbüro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg } 3
6 D EUROPÄESCHT PARLAMENT ALS ACTEUR, DEEN IECH NOLAUSCHTERT Als eenzeg europäesch Institutioun a multinational parlamentaresch Versammlung, déi direkt vun de Bierger vun der Europäescher Unioun gewielt gëtt, ass d Europäescht Parlament en eenzegaartegt Beispill fir eng multinational a méisproocheg Demokratie. Als Garant vun der Demokratie an de Grondfräiheete spillt d Parlament och eng wichteg Roll bei der Gestaltung vun der Politik vun der Europäescher Unioun a Beräicher, déi den Alldag vun de Bierger betreffen, sief dat am Beräich vun der Sécherheet, der Immigratioun, dem Wuesstem, der Beschäftegung, der Liewensqualitéit oder de Mënscherechter. Nieft dem Ausschaffe vu legislativen Texter an dem Fixéiere vum Joresbudget vun der Europäescher Unioun dës Pouvoiren deelt d Parlament mam Conseil, dee sech aus de Ministere vun de Memberstaaten zesummesetzt huet et ausserdeem Kontroll- an Opsiichtsbefugnisser vis-à-vis vun deenen aneren Institutioune vun der Unioun. Et iwwerwaacht, wéi si schaffen a woufir si d Sue vun de Steierzueler asetzen. Zu gudder Lescht ginn am Parlament d Uleies vun de Bierger diskutéiert, an aktuell Theme ginn op d politesch Dagesuerdnung vun Europa gesat. Déi nächst Europawale sti virun der Dier. Dowéinst muss d Europäesch Unioun d Solidaritéit tëscht de Memberstaate stäerken, eng staark Féierungsroll iwwerhuelen an d Pouvoiren, déi hier duerch den Traité vu Lissabon iwwerdroe goufen, effizient asetzen. 4 } DAS EUROPÄISCHE PARLAMENT: Akteur der europäischen Demokratie 2017
7
8 D ZESUMMESETZUNG VUM EUROPÄESCHE PARLAMENT D Europäesch Unioun ass eng eenzegaarteg wirtschaftlech a politesch Partnerschaft, déi sech aus 28 Memberstaaten zesummesetzt. Déi 751 Membere vum Europäesche Parlament vertrieden iwwer 500 Milliounen EU-Bierger. D Membere sinn net an nationalen Delegatiounen organiséiert. Si setzen sech iwwer déi geographesch Grenzen ewech a bilde Fraktiounen, déi eng gemeinsam politesch an ideologesch Ausriichtung hunn. Fir déi aktuell Walperiod hu sech sou aacht Fraktioune konstituéiert. D parlamentaresch Kommissioune bereeden d Aarbecht vum Europäesche Parlament fir d Plenarsëtzungen an hire jeeweilege Politikberäicher vir. Si schaffe Legislativvirschléi an Initiativrapporten aus, reechen Amendementer dozou an a stëmmen doriwwer of. Déi zwanzeg permanent Kommissioune vum Parlament decken all Beräich vum deegleche Liewen of, vun der Wirtschaft iwwer d Chancëgläichheet bis bei d Gesondheet. Se préiwe Virschléi vun der Kommissioun a vum Conseil a schaffen, wann néideg, Rapporten dozou aus, déi an der Plenière presentéiert a gestëmmt ginn. Eng Kommissioun besteet aus 25 bis 71 Memberen. Hir politesch Zesummesetzung spigelt déi vun der Plenière erëm. D Europäescht Parlament zielt 7660 Fonctionnairen an Employéen. Vun hinne schaffen der 2300 zu Lëtzebuerg, dem Siège vu sengem Generalsekretariat. PRESIDENT VUM EUROPÄESCHE PARLAMENT Antonio TAJANI De President ass den institutionelle Vertrieder vum Europäesche Parlament. Hie vertrëtt d Parlament a senge Relatiounen no baussen a leet d Sëtzunge vun der Plenière wéi och vum Bureau a vun der Konferenz vun de Presidenten. De President gëtt vum Parlament fir eng Period vun 2,5 Joer gewielt a kann eng Kéier erëmgewielt ginn. 6 } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
9 D ZESUMMESETZUNG VUM EUROPÄESCHE PARLAMENT NO FRAKTIOUNEN GUE/NGL Europäesch Vereent Lénk/ Nordesch Gréng Lénk S&D Fraktioun vun der Progressiver Allianz vun de Sozialisten an Demokraten am Europäesche Parlament Gréng/FEA Fraktioun vun de Gréngen/ Fräi Europäesch Allianz ALDE Fraktioun vun der Allianz vun den Demokraten an de Liberale fir Europa Eng Fraktioun muss op d mannst aus 25 Memberen aus siwe verschiddene Memberstaate bestoen. Situatioun EVP Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei (Chrëschtdemokraten) EKR Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformisten EFDD Fraktioun Europa vun der Fräiheet an der direkter Demokratie 42 ENF Europa vun den Natiounen an der Fräiheet NI Memberen, déi kenger Fraktioun ugehéieren } 7
10 DÉI ANER INSTITUTIOUNE VUN DER EUROPÄESCHER UNIOUN DEN EUROPÄESCHE CONSEIL Am Europäesche Conseil leeën national an europäesch Acteuren ënnert der Leedung vum President vum Conseil déi allgemeng Prioritéite vun der EU fest. De Conseil setzt sech aus de Staats- a Regierungscheffe vun de Memberstaaten an dem President vun der Europäescher Kommissioun zesummen. DE CONSEIL VUN DER EUROPÄESCHER UNIOUN De Conseil vun der Europä escher Unioun vertrëtt d Regierunge vun alle Memberstaaten. D Présidence vum Conseil wiesselt all sechs Méint no engem Rotatiounsprinzip tëscht de Memberstaaten. Zesumme mam Europäesche Parlament stëmmt de Conseil iwwert d europäesch Legislatioun an de Budget vun der Europäescher Unioun of. D EUROPÄESCH KOMMISSIOUN D Europäesch Kommissioun ass d Exekutivorgan vun der EU. Si ass responsabel fir d Ausschaffen an d Ëmsetze vun der EU-Legislatioun. Als Gardienne vun den Traitéen iwwerwaacht si déi dagdeeglech politesch Aarbecht vun der EU. DE GERIICHTSHAFF De Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun ass dat iewescht Geriicht fir Ugeleeënheeten, déi d EU-Recht betreffen. De Geriichtshaff leet d EU-Recht aus a suergt dofir, datt et an alle Memberstaaten eenheetlech applizéiert gëtt. e D EUROPÄESCH ZENTRALBANK D Europäesch Zentralbank (EZB) geréiert den Euro, schafft d Wirtschafts- a Währungspolitik aus a setzt si ëm. Hir Haaptaufgab ass et, d Präisstabilitéit bäizebehalen, de Wirtschaftswuesstem ze ënnerstëtzen an dozou bäizedroen, nei Aarbechtsplazen ze schafen. DE RECHNUNGSHAFF Den Europäesche Rechnungshaff ass den externe Préiwer vun der EU; hie kontrolléiert also hir Finanzen. De Rechnungshaff dréit zur Verbesserung vun der Exécutioun vum EU-Budget bäi a vertrëtt iwwerdeems als onofhängeg Instanz déi finanziell Interessië vun den EU-Bierger. Weider Informatiounen iwwert d Institutioune vun der EU fannt Dir op dësem Site: 8 } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
11
12 GEORGES BACH FRAKTIOUN VUN DER EUROPÄESCHER VOLLEKSPARTEI National Partei: CSV Gebuer den 12. Juni 1955 zu Lëtzebuerg Member vum Europäesche Parlament zënter 2009 Member vun der Kommissioun fir Verkéier an Tourismus vun der Delegatioun fir d Relatioune mat der Schwäiz a mat Norwegen, an der Gemëschter Parlamentarescher Kommissioun EU-Island an an der Gemëschter Parlamentarescher Kommissioun Europäesche Wirtschaftsraum Stellvertriedende Member vun der Kommissioun fir Beschäftegung a sozial Ugeleeënheeten vun der Delegatioun fir d Relatioune mat Kanada KONTAKT Parlement européen Rue Wiertz Altiero Spinelli 11E253 B-1047 Bruxelles T +32 (0) } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
13 WAT SINN ÄR PRIORITÉITE FIR D EUROPÄESCH UNIOUN A FIR LËTZEBUERG? D Europäesch Unioun steet den Ament virun enger grousser Erausfuerderung. Zënter enger gewëssener Zäit steet d Gestioun vu Krisen op der Dagesuerdnung vun den Institutiounen. Dowéinst sinn d Aarbecht an d Stëmm vum Europäesche Parlament esou wichteg wéi nach ni. Trotz den negative Schlagzeile kënne mir och positiv a ganz konkret Erfolleger opweisen. D Jugendgarantie, déi vun der Kommissioun fir Beschäftegung an d Liewe geruff gouf, dréit Friichten an ënnerstëtzt déi Jonk dobäi, am Beruffsliewe Fouss ze faassen. D Sécherheet an d Gesondheet op der Aarbecht stellen eng Prioritéit an Europa duer a si verstäerkt ginn. D Rechter vun de Fluchpassagéier si geännert ginn, dëst zum Virdeel vun de Passagéier. An Enn 2016 ass de véierten Eisebunns-Pak ugeholl ginn. Dëst huet dozou bäigedroen, d Problemer, déi duerch eng sëllechen national Virschrëfte verursaacht goufen, z iwwerwannen a gemeinsam Norme festzeleeën, déi d Sécherheet an de Verkéier iwwert d Grenzen ewech verbessert hunn. An deenen nächsten zweeënhallef Joer wäerte mir eis virun allem op de Stroos- severkéier konzentréieren. D Sécherheet am Stroosseverkéier, dorënner och déi vun de Foussgänger an de Vëlosfuerer, ass eng wichteg Prioritéit fir d Europäescht Parlament. Déi nächst Generatioun Autoe wäert méi streng Ëmwelta Sécherheetsvirschrëften anhale mussen. De rasanten technologesche Fortschrëtt wäert e groussen Afloss op déi aktuell an déi zukünfteg legislativ Texter hunn. Am soziale Beräich wäert déi gréissten Erausfuerderung doranner bestoen, dofir ze suergen, datt d Direktiv iwwert den Detachement vun den Aarbechter sozial a gerecht Aarbechtsbedingunge garantéiert, an zwar nom Prinzip: déi selwecht Pai fir déi selwecht Aarbecht op der selwechter Plaz. D Virschrëften, déi fir d Camionneure gëllen, sollen och verbessert ginn. Mat der Aféierung vun engem Pilier vu soziale Rechter kënnegt sech eng weider grouss Erausfuerderung un. Ech freeë mech als Member vun der Kommissioun fir Beschäftegung a sozial Ugeleeënheeten an der Kommissioun fir Verkéier, um Opbau vun engem méi sozialen Europa matzeschaffen. } 11
14 MADY DELVAUX FRAKTIOUN VUN DER PROGRESSIVER ALLIANZ VUN DE SOZIALISTEN AN DEMOKRATEN AM EUROPÄESCHE PARLAMENT National Partei: LSAP KONTAKT Parlement européen Rue Wiertz Altiero Spinelli 15G115 B-1047 Bruxelles T +32 (0) Gebuer den 11. Oktober 1950 zu Lëtzebuerg Fréier Ministesch fir Bildung a Beruffsausbildung, sozial Sécherheet, Verkéier a Kommunikatioun Fréier lëtzebuergesch Deputéiert Fréiere Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg Member vum Europäesche Parlament zënter 2014 Vizepresidentin vun der Rechtskommissioun Member vun der Delegatioun an de Kommissioune fir Parlamentaresch Kooperatioun EU-Kasachstan, EU-Kirgisistan an EU-Usbekistan souwéi fir d Relatioune mat Tadschikistan, Turkmenistan an der Mongolei Stellvertriedende Member vun der Kommissioun fir Wirtschaft a Währung vun der Enquêtekommissioun fir d Bewäertung vu méiglechen Infraktiounen a Mëssstänn bei der Ëmsetzung vum EU-Recht am Zesummenhang mat Geldwäsch, Steiervermeidung a Steierhannerzéiung vun der Delegatioun fir d Relatioune mam Panafrikanesche Parlament 12 } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
15 WAT SINN ÄR PRIORITÉITE FIR D EUROPÄESCH UNIOUN A FIR LËTZEBUERG? Mam Enn vum leschte Joer ass och déi éischt Halschent am Europäesche Parlament op en Enn gaangen, a mir kënnen op zwee immens aktiv Joer zréckblécken. Als Rapporteur am Beräich vun der Unerkennung vum Inhalt vun ëffentlechen Dokumenter si mir e gudde Schratt weiderkomm, andeems mir déi administrativ Barrièrë fir d Bierger e Stéck wäit ofbaue konnten. D Digitaliséierung an de Fait, datt a verschiddene Beräicher ëmmer méi Roboteren agesat ginn, dorënner Dronen, medezinesch Roboteren an autonom Autoen, wäerten eis Liewens- an Aarbechtsweis staark veränneren. Wien iwwerhëlt d Responsabilitéit bei engem Accident, wie kann op déi gesammelt Daten zougräifen? Dacks gëtt der Politik virgehäit, si géing net séier genuch reagéieren, mä an dësem konkrete Fall ware mir dat éischt Parlament, dat en Initiativrapport ausgeschafft huet, deen e rechtleche Kader fir d Robotik virschléit. Wéinst deene villen negative Schlagzeile wéi der Flüchtlingskris, dem Brexit an dem Opkomme vum Populismus halen ech gären un engem Message fir d nächst Joer fest, deen d Gewënner vum Sacharow-Preis, d Nadia Murad an d Lamija Adschi Baschar, op impressionnant Aart a Weis vermëttelt hunn, an zwar un engem Message vun Hoffnung a Courage. } 13
16 FRANK ENGEL FRAKTIOUN VUN DER EUROPÄESCHER VOLLEKSPARTEI National Partei: CSV KONTAKT Parlement européen Rue Wiertz Altiero Spinelli 11E210 B-1047 Bruxelles Tel. +32 (0) Gebuer den 10. Mee 1975 zu Lëtzebuerg Member vum Europäesche Parlament zënter 2009 Vizepresident vun der Delegatioun fir d Relatioune mat der Volleksrepublik China Member vun der Kommissioun fir biergerlech Fräiheeten, Justiz a Bannepolitik vun der Enquêtekommissioun fir d Bewäertung vu méiglechen Infraktiounen a Mëssstänn bei der Ëmsetzung vum EU-Recht am Zesummenhang mat Geldwäsch, Steiervermeidung a Steierhannerzéiung Stellvertriedende Member vun der Entwécklungskommissioun vun der Kommissioun fir Wirtschaft a Währung vun der Delegatioun an de Kommissioune fir parlamentaresch Zesummenaarbecht EU-Armenien an EU-Aserbaidschan an an der Parlamentarescher Associatiounskommissioun EU-Georgien vun der Delegatioun fir d Relatioune mam Panafrikanesche Parlament vun der Delegatioun an der Paritéitescher Parlamentarescher Versammlung AKP-EU vun der Delegatioun an der Parlamentarescher Versammlung Euronest 14 } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
17 WAT SINN ÄR PRIORITÉITE FIR D EUROPÄESCH UNIOUN A FIR LËTZEBUERG? Verschidde Memberstaate wéi Ungarn a Polen hunn d Erausfuerderungen, mat deenen d Europäesch Unioun den Ament konfrontéiert ass, dorënner d Immigratioun an den Terrorismus, als Virwand geholl, fir géint ee Grondrecht vun der EU ze verstoussen: de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet. Engersäits huet d Europäesch Unioun immens vill Instrumenter, mat deenen d Politik am Beräich vun der Kompétivitéit an der Zesummenaarbecht vu Police a Justiz duerchgesat gëtt, anerersäits gëtt et kee stabilt Instrument, dat dofir suergt, datt d Regierungen d Grondwäerter vun der EU respektéieren. Et dierf net vergiess ginn, datt sou Feelgrëff an der Gouvernance zu enger Diktatur féiere kënnen. D Kommissioun fir biergerlech Fräiheeten, Justiz a Bannepolitik huet sech mat dëser Fro befaasst, an ech hunn am Numm vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei den detailléierte Contenu vun enger Resolutioun ausgehandelt, déi de 25. Oktober 2016 vum Europäesche Parlament votéiert gouf. Fir mech ass et wichteg, e Mechanismus ze kreéieren, deen op den Traitéë baséiert a séier ëmgesat ka ginn. D Grondiddi besteet doran, eng Aart rechtlech Iwwerwaachung vun de Memberstaaten (op der Basis vun Indicateure wéi Gewaltentrennung, Fräiheet a Pluralismus vun de Medien an Zougang zu der Justiz) duerch en Expertegrupp duerchzeféieren, dee sech aus Verfassungsriichter, déi vun de Memberstaate benannt ginn, an aus zéng Experten, déi vum Europäesche Parlament designéiert ginn, zesummesetzt. Op der Basis vun den Observatioune vun dësem Expertegrupp verfaasst d Kommissioun e Rapport mat konkrete Recommandatioune fir all Land an organiséiert en interparlamentareschen Debat mat de Volleksvertriedunge vun de Memberstaaten. De Rapport vum Sophie in t Veld, iwwert deen de 25. Oktober 2016 an der Plenière ofgestëmmt gouf, erméiglecht et der Kommissioun, op der Basis vum Artikel 7 vum Traité iwwert d Europäesch Unioun ze agéieren, an zwar vun der Ouverture vun engem Dialog mat dem concernéierte Memberstaat bis zu enger fréizäiteger Warnung, ier et zu enger schlëmmer Infraktioun kënnt an d Stëmmrecht vum Memberstaat am Conseil opgehuewe gëtt. } 15
18 CHARLES GOERENS FRAKTIOUN VUN DER ALLIANZ VUN DE LIBERALEN AN DEMOKRATE FIR EUROPA National Partei: DP KONTAKT Parlement européen Rue Wiertz Altiero Spinelli 9G157 B-1047 Brüssel T +32 (0) Gebuer de 6. Februar 1952 zu Ettelbréck Member vum Europäesche Parlament vun 1982 bis 1984, vun 1994 bis 1999 an zënter 2009 Fréiere Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht, humanitär Moossnamen, Ëmwelt an Defense Fréieren nationalen Deputéierten Member vun der Entwécklungskommissioun vun der Ënnerkommissioun Mënscherechter vun der Delegatioun an der Paritéitescher Parlamentarescher Versammlung AKP-EU Stellvertriedende Member vun der Budgetskommissioun vun der Kommissioun fir konstitutionell Froen vun der Delegatioun fir d Relatioune mam Panafrikanesche Parlament } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
19 WAT SINN ÄR PRIORITÉITE FIR D EUROPÄESCH UNIOUN A FIR LËTZEBUERG? Déi éischt Halschent vun dëser Walperiod war vun enger Rëtsch Erausfuerderunge geprägt: Klimawandel, Ongläichheeten, déi ëmmer méi grouss ginn, Migratiounskris, Krich an der direkter Noperschaft vun der Europäescher Unioun, Grexit a Brexit. De Brexit ass Realitéit, an d Kris hält weiderhin un. Zwar konnt de Grexit verhënnert ginn, allerdéngs hu mir et mat enger verdeckter Kris ze dinn. D Barbarei an der Peripherie vun der Europäescher Unioun an d Flüchtlingskris si matenee verbonnen. Dobäi kennt, datt dës zwou Krise weisen, datt d Memberstaate bei der Aussepolitik éischter zeréckhalend sinn a bei der Bannepolitik net genuch Solidaritéit opbréngen. De Fait, datt d Ongläichheeten ëmmer méi grouss ginn, ass dorop zeréckzeféieren, datt d Globaliséierung net maîtriséiert gëtt. Wat de Klimawandel betrëfft, ass et der EU ze verdanken, datt d Ofkommes vu Paräis ugeholl gouf. Dofir meng Konklusioun: Mat manner Europa ass d Katastrof virprogramméiert. Et war nach ni esou wichteg wéi elo, den Acquis ze konsolidéieren a gläichzäiteg eng Visioun auszeschaffen an d Funktionéiere vun den Institutiounen ze verbesseren. Wann déi 28 et wierklech wëllen, kënne si och eppes erreechen. } 17
20 VIVIANE REDING FRAKTIOUN VUN DER EUROPÄESCHER VOLLEKSPARTEI National Partei: CSV Gebuer de 27. Abrëll 1951 zu Esch-Uelzecht Member vum Europäesche Parlament vun 1989 bis 1999 an zënter : Member vun der Europäescher Kommissioun : Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Justiz, Grondrechter an EU-Biergerschaft Member vun der Kommissioun fir internationalen Handel vun der Delegatioun an der Parlamentarescher Kommissioun Cariforum-EU Stellvertriedende Member vun der Kommissioun fir konstitutionell Froen vun der Delegatioun fir d Relatioune mat Australien an Neiséiland KONTAKT Parlement européen Rue Wiertz Altiero Spinelli 11E202 B-1047 Bruxelles T +32 (0) } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
21 WAT SINN ÄR PRIORITÉITE FIR D EUROPÄESCH UNIOUN A FIR LËTZEBUERG? Zënter 2014 hunn ech mech ouni Paus engagéiert: fir eis gemeinsam Wäerter géint d autoritär Tendenze vu verschiddene Länner an der EU an an hirer Noperschaft zu verdeedegen; fir eis digital Rechter zu stäerken, dorënner de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën an d Ofschafe vun de Roaming-Käschten; fir d Globaliséierung mat internationalen Normen a méi staarken handelspoliteschen Instrumenter ze reguléieren. An den nächste Méint wäert ech mech weiderhi fir kloer Reegelen asetzen, déi d europäesch Intressië verdeedegen (virun allem als Rapporteur iwwert d Ofkommes iwwer den Handel mat Déngschtleeschtungen, TiSA) an d europäesch Kreativ-Industrie virun der Muecht vun Internetplattforme schützen. All dës europäesch Moossname geschéien natierlech och am Intressi vun de Lëtzebuerger Entreprisen a Bierger. Fir den Terrorissem ze bekämpfen, si gemeinsam an engagéiert Moossnamen néideg hat Europa mat der Kreatioun vun engem neien europäesche Grenzkontrollsystem seng Handlungsfäegkeet ënner Beweis gestallt. D Joer 2017 markéiert de 60. Gebuertsdag vum Traité vu Roum an ass dohier entscheedend fir d Zukunft vum europäesche Projet. Onofhängeg vum Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich muss sech Europa reforméieren, fir u Wierksamkeet a Visibilitéit ze gewannen. } 19
22
23 WAT SINN ÄR PRIORITÉITE FIR D EUROPÄESCH UNIOUN A FIR LËTZEBUERG? Déi éischt Halschent vun der Walperiod war schwéier, an dat aus verschiddene Grënn, dorënner de Konflikt an der Ukrain, de Krich a Syrien, de Brexit an d Presidentschaft vum Donald Trump. An awer dierfe mir d Etappenziler, déi mir erreecht hunn, net vergiessen, virun allem an enger Zäit wéi dëser. An dësem Zesummenhang géing ech gären op zwee Erfolleger hiweisen, déi mir um Häerz leien. Zesumme mat der Zivilgesellschaft konnte mir d Verlängerung vun der Autorisatioun vum Herbizid Glyphosat ëm 15 Joer blockéieren. Iwwert déi europäesch Biergerinitiativ, déi viru Kuerzem an d Liewe geruff gouf, musse mir weiderhin Drock op d Kommissioun maachen, fir en definitiivt Verbuet ze erreechen. Wéinst dem Drock, dee mir, déi Gréng, an deene leschte Joren ausgeübt hunn, ginn an Europa keng ëffentlech Gelder méi fir de Bau vun Atomkraaftwierker agesat. Als Rapporteur vum Europäesche Parlament wäert ech an den nächsten zwee Joer Reegele fir d Energieunioun mat den 28 Memberstaaten aushandelen a mech fir en Enn vun de knaschtegen Energië wéi zum Beispill Atomkraaft a Kuelen asetzen. A verschiddene Grënnerstaate vun der EU fanne geschwënn wichteg Wale statt, ënner anerem an Däitschland, a Frankräich an an Holland. Déi nächst Méint a Jore sinn immens wichteg fir d Verdeedegung vun eisen demokratesche Wäerter. Souwuel beim Referendum an England wéi och bei de Walen an Amerika koum et zu ganz knappe Resultater. D Demokratie lieft vu Mënschen, déi sech engagéieren. An dësem Sënn musse mir an den nächste Méint fir all Stëmm kämpfen. } 21
24 DEN INFORMATIOUNSBÜRO ZU LËTZEBUERG Den Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg stellt Informatioune bereet an ass fir d Kommunikatioun an d Ëffentlechkeetsaarbecht zoustänneg. D Aufgab vu sengem Team besteet doran, d Aarbecht vum Europäesche Parlament a senge lëtzebuergesche Memberen duerzestellen. Den Informatiounsbüro steet a stännegem Kontakt mat de Medien, de sozioekonomeschen a kulturellen Acteuren, dem Educatiounsberäich an den nationalen a lokalen Autoritéite vu Lëtzebuerg a vun der Groussregioun D LEGISLATIV ROLL VUM EUROPÄESCHE PARLAMENT VERSTOEN Zesumme mat de concernéierten Acteure vu Lëtzebuerg organiséiere mir regelméisseg Tableronden a Seminairen iwwer legislativ Dossieren, déi e staarken Afloss op d lëtzebuergesch Ekonomie a Gesellschaft hunn, dorënner den Detachement vun den Aarbechter, d Homologatioun vun den Autoen an de Beräich vun der Defense. STUDENTEN A JONK AARBECHTER AN D EUROPÄESCH DEMOKRATIE ABEZÉIEN Och an de Lycéeë vum Land si mir present. Sou organiséiere mir zum Beispill Renconteren tëscht Europadeputéierten a Schüler a bidde Schüler a jonke Beruffstätegen d Méiglechkeet, un Diskussiounen a Rollespiller deelzehuelen, bei deenen d legislativ Aarbecht vum Europäesche Parlament simuléiert gëtt. FIR D WÄERTER VUM EUROPÄESCHE PAR- LAMENT SENSIBILISÉIEREN Den Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg bezitt Iech an Diskussiounen a Gespréicher iwwert d Wäerter vum Europäesche Parlament an; dozou zielen d Gläichstellung vun de Geschlechter, d Europafest am Mee, de LUX-Filmpräis an d Mënscherechter am Kader vum Sacharow-Präis fir geeschteg Fräiheet. INFORMATIOUN A KONTAKT Den Europäeschen Informatiounszenter am Rezde-Chaussée vum Haus vun der Europäescher Unioun ass eng eenzegaarteg Informatiouns- Plattform, déi all Är Froen iwwert d Europäesch Unioun beäntwert. 22 } D EUROPÄESCHT PARLAMENt: Acteur am Numm vun der europäescher Demokratie 2017
25
26 NOTIZEN 24 } DAS EUROPÄISCHE PARLAMENT: Akteur der europäischen Demokratie 2017
27
28 EUROPÄESCHT PARLAMENT Informatiounsbüro zu Lëtzebuerg Haus vun der Europäescher Unioun 7, rue du Marché-aux-Herbes L-2929 Luxembourg T F Parlement européen au
déi Jonk am Mouvement Écologique
move.meco.lu déi Jonk am Mouvement Écologique Jugendgrupp Engagement Projeten Aktivitéiten Ëmweltbildung Virwuert move. ist die eigenständige Jugendgruppe des Mouvement Écologique für Jugendliche bis
Newsletter. Musée de la Police a.s.b.l. N 01 Januar - Februar 2017 Seite 1. Quelle : wort.lu
N 01 Januar - Februar 2017 Seite 1 (Vorwort) Vor Ihnen liegt die N 01 des Newsletter der asbl Policemusée. Es ist dies bereits das 4. Erscheinungsjahr unserer News. An dieser Stelle wünscht der Vorstand
Newsletter Projet LEADER Intégration 2014_2 «Miselerland zesummen an d Zukunft!»
d Newsletter Projet LEADER Intégration 2014_2 «Miselerland zesummen an d Zukunft!» Dir Dammen an Hären, Dir hutt heimat déi zweet Newsletter vum LEADER Miselerland Projet Pacte d Intégration fir d Joer
Instrumenter. déi een an der Garnecher Musek. ka spillen
Instrumenter déi een an der Garnecher Musek ka spillen oder Wéi een Instrument kënnt fir mech a Fro? E liicht verdaulecht Informatiounsblat fir Préparatoireschüler an hir Elteren Aleedung D Garnecher Musek
Commentaire Editioun 2017
Commentaire Editioun 2017 Index: 1. Aleedung 2. Mat Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? Lëtzebuergesch léieren a. D Zilgrupp b. D Léierwierk 3. D Ausernanersetzung mat der Sprooch a. D Héierverstoen b. D Liesverstoen
Guide du Futur Étudiant
Guide du Futur Étudiant EDITION 2015-2016 100% MUSIQUE Spotify Premium avec mon mobile POST écoute hors connexion sans pub Plus de 30 millions de titres! www.post.lu AVANT PROPOS DE L ÉDITEUR Laurent Heyder
Ëmweltwochen am Matgesfeld
Ëmweltwochen am Matgesfeld GAART - KULTUR - LANDSCHAFT Ëmweltwochen organiséiert vum Schäfferot, dem Ëmweltbüro, der Ëmweltkommissioun an dem Klimateam aus der Gemeng Suessem 17. JUNI 2017 bis den 30.
Wéi kann ech Biller scannen?
Wéi kann ech Biller scannen? Wann een eng Kamera mat engem USB-Kabel un de Computer uschléisst oder e Scanner start (Knäppchen um Scanner) spréngt eng Fënster op wou ee ka wielen mat wéi engem Programm
Christine Doerner. Obëler Beetebuerg Hunchereng Fenneng Näerzeng. Är Députéiert a Kandidatin fir d Chamberwalen vum 7. Juni.
Mäerz 2009 Obëler Beetebuerg Hunchereng Fenneng Näerzeng Vous êtes intéressé à recevoir une traduction en français? N hésitez pas à nous contacter par mail : bettembourg@csv.lu ou par téléphone : 51 13
Déi erneierbar Editioun
Déi erneierbar Editioun Seite 2 De Gong s back! De Gong brauch dech, an zwar genau dech! Du hues Talent am schreiwen oder keens een deen Talent huet? Du hues een interessanten Hobby? Scheckt eis alles
Benoît, 11 Jahre. Weltkannerdag. Am 20. November haben die Kinder das Sagen
Benoît, 11 Jahre Weltkannerdag Am 20. November haben die Kinder das Sagen Yara, Céline, Brianna, Angelo, Dutch, Hugo, Daniel, Mariana, Ana-Paula, Shawn und Fabio Gedanken zum Dag vun de Die untenstehenden
Guide du Futur Étudiant
Guide du Futur Étudiant EDITION 2016-2017 mäi Bicherbuttek, bei mir ëm den Eck... Themen déi mech beweegen 11, rue du Fort Bourbon Luxembourg-Gare Tel.: 40 30 30 1 op libo.lu an och zu Maacher Dikrech
Abrëll Oktober Collège échevinal et Service à l Egalité des chances entre femmes et hommes - Gemeng Suessem
Abrëll 2008 - Oktober 2008 Collège échevinal et Service à l Egalité des chances entre femmes et hommes - Gemeng Suessem Programm 2008 - Iwwersiicht: Virwuert 3 Das Schulprojekt "Zesumme si mir staark!"
Club Senior. Jousefsclub Réimech. www.jousefshaus.lu
Club Senior Jousefsclub Réimech 6 2013 www.jousefshaus.lu VIRWUERT 1 PILATES 2 RÉCKEFITNESS 3 YOGA 4 WELLNESSMASSAGEN 5 SENIORENDANZ 6 LËTZEBUERGESCH RICHTEG SCHREIWEN 7 KEELE SPILLEN 8 GEBÄERDENSPROOCH
Erënnerungen un d Liberatioun 1944/45
AUS DEM LIEWEN ERZIELT Erënnerungen un d Liberatioun 1944/45 EDITIOUN SERVICE RBS Dëst Buch ass zesummegestallt gi vum RBS-Biographiegrupp: Emil Angel Marthe Haan-Duval André Hausmann Jacqueline Orlewski-Eyschen
Minister reagéiertdronen zu Lëtzebuerg: Wat däerf een a wat net?
Minister reagéiertdronen zu Lëtzebuerg: Wat däerf een a wat net? Nodeems eng Dron um dem Findel fir Opreegung gesuergt hat, huet de François Bausch elo eng Partie Recommandatiounen erausginn. Links LINK:
Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung. B1.1 B1.2 B1.3 Testversioun 2012
Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung B1.1 B1.2 B1.3 Testversioun 2012 B1 Léierziler Déi sproochlech Handlungen, déi den Apprenant an der deeglecher Kommunikatioun um
duerf Wann ech ganz éierlech sinn, da WM 2014 Lëtzebuerger fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement 6 / 2014 Juni
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement WM 2014 Wann ech ganz éierlech sinn, da verstinn ech net vill vu Fussball an ech weess och net ob ech eng sportlech Persoun sinn. Ma dach ginn
Ech léieren sangen, Noute liesen an een Instrument spillen an der Musekschoul
www.kaerjengermusekschoul.lu an Zesummenaarbecht mat de Musekschoule vun Déifferdeng a Péiteng, ewéi och der Gemeng Dippech Ech léieren sangen, Noute liesen an een Instrument spillen an der Musekschoul
op ee bléck editorial 5-8 Ein Hoch auf uns 5 Chère lectrice, cher lecteur 6 pedagogie 9-11 fir Iech gelies: Lehrersprache
op ee bléck editorial 5-8 Ein Hoch auf uns 5 Chère lectrice, cher lecteur 6 pedagogie 9-11 fir Iech gelies: Lehrersprache d liewen um fieldgen 12-57 Diplomiwwerreechung 2015 12 Fête du mérite 20 Fête d
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF 2 WUNNEN ZU LËTZEBUERG STËMM VUN DER STROOSS WUNNEN ZU LËTZEBUERG 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas
Luxemburgisch auf Facebook: Sprachideologien auf Gruppenseiten
Luxemburgisch auf Facebook: Sprachideologien auf Gruppenseiten Luxemburg heute Statec (2009) Größe: 2,586 km 2 Bevölkerung: 493,500 In Luxemburg lebende Ausländer: 42.6% (hauptsächlich aus EU-Mitgliedstaaten)
ERKLÄR MIR LIEBE. Hand aufs Herz : Wer könnte das? Die Liebe bleibt eine unerklärliche Zustandsentwerferin
ERKLÄR MIR LIEBE Hand aufs Herz : Wer könnte das? Die Liebe bleibt eine unerklärliche Zustandsentwerferin und das ist gut so. Das KALEIDOSKOP vermittelt in seinem neuen Spielplan 2015/16 eine, nein vier,
Oktober Januar Collège échevinal et Service à l Egalité des chances entre femmes et hommes - Gemeng Suessem
Oktober 2008 - Januar 2009 Collège échevinal et Service à l Egalité des chances entre femmes et hommes - Gemeng Suessem Programm 2008 - Iwwersiicht: VIRWUERT Säit 3 DAS SCHULPROJEKT: "ZESUMME SI MIR STAARK!"
Lëtzebuergesch als Friemsprooch Kann-Beschreiwungen Sproochlech Handlungen Zorte vun Texter
Lëtzebuergesch als Friemsprooch Kann-Beschreiwungen Sproochlech Handlungen Zorte vun Texter Niveau C1 Allgemeng Kompetenz Ka genuch verstoe fir e breede Spektrum vu méi laange Rieden a Gespréicher iwwert
Fir nach méi Transparenz an der Gemeng Tandel
Fir nach méi Transparenz an der Gemeng Tandel Informatiounsblat vun der Gemeng Tandel Dezember 2006 Säit 2 Gemeng Tandel Et gëtt geschafft! Eng Rei nei Projete sinn an der Gemeng Tandel lo an Ugrëff geholl
PROGRAMM. Mäerz enrique Granados. maria Freifrau ebner von eschenbach. De Komponist vum Mount: D Schrëftstellerin vum Mount:
Mäerz 2016 PROGRAMM De Komponist vum Mount: enrique Granados D Schrëftstellerin vum Mount: maria Freifrau ebner von eschenbach Thema vum mount: RechT an onrecht shutterstock Postkëscht 1833 L-1018 Lëtzebuerg
60 e anniversaire du réseau des écoles associées de l UNESCO
Sonderausgabe Die Zeitung der Strassener Grundschulkinder 60 e anniversaire du réseau des écoles associées de l UNESCO In der Zeit vom 22. Oktober bis zum 12. November 2013 haben wir, d.h. einige Kinder
D UNESCO-Blat F r e i d e g, d e n 1 8. D e z e m b e r
S c h o u l A m S a n d U e w e r a a n w e n C y c l e 4 T h e m e n a n d ë s e r A u s g a b : D UNESCO-Blat F r e i d e g, d e n 1 8. D e z e m b e r 2 0 0 9 Die UNESCO Die UNESCO- Schulen Schule Am
Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung
Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung A2 Index - Wat ass en A2? 3 - Virwuert zum Leitfuedem 4 - Didaktesch Iwwerleeungen zum Niveau A2 5 - Léierziler A2 7 2 A2 Tëschen-
Dossier spécial: ZUKUNFT FUTUR
2 ZUKUNFT - FUTUR STËMM VUN DER STROOSS ZUKUNFT - FUTUR 3 Dossier spécial: ZUKUNFT FUTUR Editorial: Zukunft Heute finden sie leicht Anschluss und man legt viel Wert auf ihre Meinung. Sie haben nachmittags
Prof. Dr. Helmut Willems Dipl.-Päd. Christiane Meyers. Journées sociales Lycée Aline Mayrisch
Gesellschaftliche und politische Beteiligung Jugendlicher Empirische Daten und Befunde aus dem Nationalen Bericht zur Situation der Jugend in Luxemburg 15 Prof. Dr. Helmut Willems Dipl.-Päd. Christiane
Gemeinde Kopstal. Kläranlage Kopstal Sanierung und Erweiterung OFFIZIELLE EINWEIHUNG
Gemeinde Kopstal Kläranlage Kopstal Sanierung und Erweiterung OFFIZIELLE EINWEIHUNG 30. SEPTEMBER 2010 VIRWUERT De Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux Résiduaires de l Ouest (SIDERO) ass de
04 Pesticides 20 Cours de luxembourgeois 25 SIDEN
01/2014 04 Pesticides 20 Cours de luxembourgeois 25 SIDEN 04 20 25 e Am DITO Numm vun der Kommissioun a vun der Gemeng Biissen wënsche mer Iech e schéint neit Joer, och wann dat elo scho richteg am Lafen
Ich kann Portugiesisch!
60 Pädagogik Dossier forum 236 Simone Johann Semaines de lecture im Escher Projekt Ale Lycée Ich kann Portugiesisch! Zum UNESCO-Welttag des Buches am 23. April verteilte man wie in den Vorjahren an die
Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Gehirschlag
www.bletz.lu Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Gehirschlag Präsidentin : Chantal Keller Sekrétärin : Josette Wirion-Schmit Trésorier : Guy Frantzen Internetpräsenz : Raoul Klapp Comitésmembre
duerf Das Zweite Vatikanische Konzil ist nicht verhandelbar Lëtzebuerger fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement 2/2009 Februar
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement Das Zweite Vatikanische Konzil ist nicht verhandelbar Der Konflikt um die Aufhebung der Exkommunikation der Traditionalistenbischöfe In der Frühmesse
ZEITUNG VUN DER GEMENG USELDENG RIPPWEILER > IEWERLENG > USELDENG > SCHANDEL
ZEITUNG VUN DER GEMENG USELDENG RIPPWEILER > IEWERLENG > USELDENG > SCHANDEL No. 1 / 2011 Inhaltsverzeechnis Zeitung vun der Gemeng Useldeng No. 1 / 2011 [03] useldeng.lu [04] 41 Einsätze im Dienste der
05 Nei Heizung an der Kiirch 22 Deponie um Kallekhaff 30 Food for your Senses
08/2013 05 Nei Heizung an der Kiirch 22 Deponie um Kallekhaff 30 Food for your Senses 05 22 30 e Gemenge DITO Kommissiounen An dëser Ausgab wollte mer Iech op e puer Chantercher hiweisen, déi den Ament
Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert
Julie Muller-Barthélemy Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert E Liewen tëschent Beruffstätegkeet, politeschem Engagement a Benevolat Editions RBS 2 Julie Muller-Barthélemy Erënnerungen aus engem beweegte
Kläranlage Dondelingen
Kehlen Septfontaines Tuntange Kläranlage Dondelingen OFFIZIELLE EINWEIHUNG 29. April 2011 VORWORT Die öffentliche Debatte zum Thema Wasser beschränkt sich in Luxemburg zurzeit hauptsächlich auf den Wasserpreis.
capybarabooks Der Verlag capybarabooks wurde 2012 von Susanne Jaspers und Georges Hausemer in Luxemburg gegründet.
capybarabooks Der Verlag capybarabooks wurde 2012 von Susanne Jaspers und Georges Hausemer in Luxemburg gegründet. Die Schwerpunkte der Verlagstätigkeit liegen auf deutschsprachiger Belletristik, Sach-
Waanen Schaffen Zesammeliewen an der Gemeng Wëntger
E kloere Bléck fir eis Gemeng. Waanen Schaffen Zesammeliewen an der Gemeng Wëntger Lëscht 2 2 CSV WËNTGER 3 D CSV setzt sich traditiounsgeméiss an fir d Interessi van all Biirger, egal waat fir een Beruf
September 2014 - Juli 2015
CIGR Canton de Grevenmacher asbl September 2014 - Juli 2015 In Zusammenarbeit mit der Gemeinde Wormeldange und mit der Unterstützung des "Centre des technologies de l information de l Etat" Deutsch Inhalt
port-d ARTiste: marion michels
gilles wunsch port-d ARTiste: marion michels ghw ghw... ee liewe mat ville sproochen! Déi éischt impressioun, deen éischte kontakt ass wuel ëmmer decisiv, fir alles wat nokënnt, a verbonne mat erënnerungen,
Virum Film: Reklamm: BGL-Reklamm als Letzebank-Reklamm 01 PROLOG AM HIMMEL 01
ONST GEWESSEN (AT) Virum Film: Reklamm: BGL-Reklamm als Letzebank-Reklamm Intro 01 PROLOG AM HIMMEL 01 Am Himmel: De Péitruss steet un engem groussen Picco-Bello-Rad, op deem verschidde Kontinenter/Regiounen/Länner
August 2013 N 34. Fëschber Gemengeblat
August 2013 N 34 Fëschber Gemengeblat 2 Layout: Ren Spautz Redak oun: Dany Hermes, Andrea Wagner, Marc Kolber, Roland Miny, Ren Spautz, Frank Weyrich. Mataarbechter: Patrick Delmarque, Olivier Molitor,
Richtung 22 Sommer Jugend ohne Job. Intro.
Richtung 22 Sommer 2011. Jugend ohne Job. Intro. (Bilder von Jugendlichen werden an die Wand projeziert, dazu der Text hilflos, perspektivlos, respektlos, hirnlos, ahnungslos, herzlos, antriebslos und
Bréngt mer d Léift zum Herrgott mat!
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement Bréngt mer d Léift zum Herrgott mat! Wéi d Generaloberin vun de Schwëstere vu Nevers dat schwéierkrankt Bernadette Soubirous vu Lourdes gefrot
rbs center Fir ALterSFroen
d zäitschrëft fir mënsche mat liewenserfarung JuNI 2014/ N 51 WWW.rBS.lu 25joEr rbs center Fir ALterSFroen informationenzurkarte informationsconcernantlacarte INHALT Editorial 04 Seniorenakademie RBS:
DOSSIER: InForMATIonEn Zur KArTE InForMATIonS ConCErnAnT LA CArTE. Mein Wille zum Lebensende Mes volontés de fin de vie SEPTEMBER 2016/N 60
D ZÄITSCHrËFT FIr MËnSCHE MAT LIEWEnSErFArunG SEPTEMBER 2016/N 60 Tel.: 36 04 78 www.rbs.lu DOSSIER: Mein Wille zum Lebensende Mes volontés de fin de vie InForMATIonEn Zur KArTE InForMATIonS ConCErnAnT
entwerferin und das ist gut so. Das KALEIDOSKOP vermittelt in seinem neuen Spielplan 2015/16 eine, nein vier, unterschiedliche Liebeserklärungen.
H H entwerferin und das ist gut so. Das KALEIDOSKOP vermittelt in seinem neuen Spielplan 2015/16 eine, nein vier, unterschiedliche Liebeserklärungen. Da betritt der gealterte Schauspieler Feuerbach in
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 handymania Stëmm vun der Strooss handymania 3 Editorial Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas pu apprendre
Service Coopération a.s.b.l.
Nr. 12 2009 ONG NEWS www.jongbaueren.lu Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Service Coopération a.s.b.l. 50 ans de solidarité avec l Afrique 50 Joër Entwécklungsaarbecht Inhalt Edito 2 Rechenschaftsbericht
Kurzfassung der Pressemitteilung
Kurzfassung der Pressemitteilung 20.10.2015 Wir haben uns den Gesetzesvorschlag von Minister Braz genau angeschaut, und bemerken: 1. Das Gesetz ist lang, kompliziert, unverständlich, diskriminierend wegen
DE LOUSCHLËSSEL I NUMMER 17 I MEE 2016 I
DE LOUSCHLËSSEL I NUMMER 17 I MEE 2016 I 1 EDITORIAL Léif Matbierginnen, léif Matbierger, Fir d'alleréischt wëll ech dem Redaktiounsteam vun eisem "Louschlëssel" e grousse Merci soen fir hir gutt a professionell
ZEITUNG VUN DER GEMENG USELDENG RIPPWEILER > IEWERLENG > USELDENG > SCHANDEL
ZEITUNG VUN DER GEMENG USELDENG RIPPWEILER > IEWERLENG > USELDENG > SCHANDEL No. 1 / 2009 Inhaltsverzeechnis Zeitung vun der Gemeng Useldeng No. 1 / 2009 [03] Eng flott Initiativ [04] Gemengefusioun [05]
FAMILIEN- BANDE TEIL 2: BIOGRAPHIE. Version française sur demande: September
September 2 0 1 5 FAMILIEN- BANDE TEIL 2: BIOGRAPHIE Version française sur demande: 36 04 78-35 Lange bevor die Menschen schreiben konnten, gaben sie ihre Erfahrungen und Erlebnisse mündlich an die Nachkommen
DAS EUROPÄISCHE PARLAMENT:
DAS EUROPÄISCHE PARLAMENT: Ihre Stimme in Europa IN HALT VORWORT S.5 DAS EUROPÄISCHE PARLAMENT: EINE EINZIGARTIGE S.6 VERSAMMLUNG, DIE SICH DER VORRANGIGEN ANLIEGEN DER BÜRGERINNEN UND BÜRGER ANNIMMT 1
ZEITUNG. newsletter. Nr
ZEITUNG newsletter Nr. 03 2016 INHALT 03 Editorial 04 Aktuelles 09 Zum Thema Demenz 10 Alzheimer Europe 11 Dossier: Coaching 14 Das ala-team 15 Veranstaltungen 16 Buchvorstellung 16 Schecküberreichungen
Karin Kadenbach, MEP. Das Europäische Parlament und die Europawahlen 2014
Karin Kadenbach, MEP Das Europäische Parlament und die Europawahlen 2014 Übersicht Vortrag Europäisches Parlament + Europawahlen 2014 - warum ist es wichtig, an den Europawahlen teilzunehmen? Gestärkte
11/ Technischer Dienst 16 De Raphaël Stacchiotti zu London op der Olympiad 18 D Säit vum Biisser Bësch!
11/2012 03 Technischer Dienst 16 De Raphaël Stacchiotti zu London op der Olympiad 18 D Säit vum Biisser Bësch! 03 16 18 e Dir DITO hutt di 2. Ausgab Dir hutt di 2. Ausgab vum Klautjen fir 2012 an den Hänn.
Parblat. Herrgott, richte es so ein, dass es täglich von Mitternacht bis drei Uhr früh regne,
Parblat Parverband Parverband Parverband Parverband Gréiwemaacher Widdebierg Wormer Mäertert- (Maacher) Waasserbëlleg Parblat fir d Dekanat Maacher vum 30. Juli bis den 18. September 2016 Herrgott, richte
2017/1 REWA NEWS. CIPA Résidence Op der Waassertrap
2017/1 REWA NEWS CIPA Résidence Op der Waassertrap 1 Inhalt 3. Editorial vum Simone Asselborn-Bintz 4. Fotoen Projet Mënschen am Alter 5. Retro 6. 5 Joer CIPA 7. Fester Ouschterbazar Projet Jugendhaus
Grondsteeleeung Ecole Fondamentale 19 Festivitéite fir Nationalfeierdag 30 SICONA Tour 2014
02/2014 4 Grondsteeleeung Ecole Fondamentale 19 Festivitéite fir Nationalfeierdag 30 SICONA Tour 2014 04 19 30 e Léif DITO Lieser vum Klautjen, ee Sujet an dëser Ausgab ass de Schantjee fir dat neit Gebai
Introduction à l'orthographe luxembourgeoise
Introduction à l'orthographe luxembourgeoise Description systématisée de l'orthographe officielle luxembourgeoise telle qu exposée en annexe de l arrêté ministériel du 10/10/1975 et modifiée par les révisions
Contacts. Échanges. Voyages. Atelier de Mécanique lors de la Porte Ouverte du LTAM les 27 et 28 mars 2015
Contacts Échanges Voyages 85 Atelier de Mécanique lors de la Porte Ouverte du LTAM les 27 et 28 mars 2015 CHRISTOPHE NIES Diplom LTAM: 13 e Technique générale (TG), 2004 Aktuell: Dokteraarbecht an der
Lëtzebuergesch als Friemsprooch Kannbeschreiwungen Sproochlech Handlungen Zorte vun Texter Sproochlech Aufgaben
Lëtzebuergesch als Friemsprooch Kannbeschreiwungen Sproochlech Handlungen Zorte vun Texter Sproochlech Aufgaben Niveau A2.1 Allgemeng Kompetenz Kann hei an do sproochlech einfach Informatiounen iwwer alldeeglech
RIPEVUSCH. Useldeng. Gemeng 1/2005. Kreizfeier
RIPEVUSCH 1/2005 Kreizfeier Gemeng Useldeng D Kulturkommissioun vun der Gemeng Useldeng President: Gérard Heitz 2 A Laichent, L-8715 Iewerleng 23 63 07 45 Sekretär: Paul Engel 17 rue de la Grotte, L-8612
informationen Zur KArte informations ConCernAnt la CArte
d ZÄitSCHrËft fir mënsche mat liewenserfarung JUNI 2015/N 55 tel.: 36 04 78 www.rbs.lu BEILAGE: FAMILIEN- BANDE TEIL 1: GENEALOGIE informationen Zur KArte informations ConCernAnt la CArte Routes principales
My multilingual village
Residence Reebou My multilingual village Centre de documentation et d'animations interkulturelles Residence Reebou My multilingual village Projektleitung: ikl - centre de documentation et d animations
Zeitung vun der Gemeng Useldeng. RIPPWEILER IEWERLENG USELDENG SCHANDEL September Nr 2/3 vum Joer 2014
Zeitung vun der Gemeng Useldeng RIPPWEILER IEWERLENG USELDENG SCHANDEL September 2014 - Nr 2/3 vum Joer 2014 INHALTSVERZEECHNIS 01. E puer Gedanke virum Schoulufank 03. APECU - Aktionen Schuljahr 2013/14
2015/1 2016/1 REWA NEWS. CIPA Résidence Op der Waassertrap BONJOUR AN AWUER
2015/1 2016/1 REWA NEWS CIPA Résidence Op der Waassertrap BONJOUR AN AWUER 1 Inhalt 3. Editorial - Vun eisem Direkter Här Alain WILLET 4. Konferenzen - Kur fir betraffe Famillje - ASA asbl. Amicale vun
N 120 3/2017. De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus Zeitung vum natur musée fir jonk Leit
De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus Zeitung vum natur musée fir jonk Leit De Panewippchen N 120 3/2017 www.panda-club.lu Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère gemaach News Stell
Numéro spécial du Courrier de l Education nationale
Numéro spécial du Courrier de l Education nationale Inhaltsverzeichnis Vorwort 4 1 Aus-und Einwanderung 6 2 Luxemburger wandern nach Amerika aus 10 3 10. Mai 1940: Flucht aus Luxemburg 14 Hand in Hand
Fir nach méi Transparenz an der Gemeng Tandel
Fir nach méi Transparenz an der Gemeng Tandel Informatiounsblat vun der Gemeng Tandel - Juni 2014 Verschiddenes Opgepasst! Wichteg!!! Vun der nächster Ausgab un ginn d'schreiffeeler net méi verbessert!
WOHNEN in der Senioreneinrichtung
d ZÄitSCHrËft fir mënsche mat liewenserfarung MÄERZ 2015/N 54 tel.: 36 04 78 www.rbs.lu BeILAGe: WOHNEN in der Senioreneinrichtung informationen Zur KArte informations ConCernAnt la CArte EDITORIAL De
D Wahler Uucht. D Zeitung fir d Gemeng Wahl 2 / 2012
D Wahler Uucht D Zeitung fir d Gemeng Wahl 2 / 2012 Gemeinderatssitzungen vom 26.04.2012 und vom 28.06.2012 Wanderweg Wahl Personen im Blick Tun Schon Wësst der nach? Vu Buttiker an Epicerien an der Gemeng
Willkommen! Teil 1: Einleitung. Intention meines Besuches Der EU ein Gesicht geben! Sensibilisierung für die EU Überblickswissen EU-Verkehrspolitik
Willkommen! 27.10.2014, TU Berlin Dr. Alexander Vogt Berater im Europäischen Parlament alexander.vogt@ep.europa.eu Teil 1: Einleitung Intention meines Besuches Der EU ein Gesicht geben! Sensibilisierung
Klenge Guide fir den Enseignant am Cycle 2.1. E neie Schüler, deen eis Schoulsproochen net kann: Wat maachen ech?
Klenge Guide fir den Enseignant am Cycle 2.1 E neie Schüler, deen eis Schoulsproochen net kann: Wat maachen ech? Index: 1. Aféierung éischt Schrëtt S. 2-7 2. Meine Klasse- Schulmaterial S. 8-21 3. Zahlen
Brokkoli-Nudel-Auflauf
-DE.1- Brokkoli-Nudel-Auflauf Lasagne (bal) wéi bei der Mamm Macaroni-Ham-Gratin Nuddelnascht Rull mat Aubergine, Ham a Paprika Spätzle nach Art von Frida Kasspatzen Spaghetti Carbonara Brokkoli-Nudel-Auflauf
Kannerliteratur an der Spillschoul Recueil d exemples de bonne pratique
COURRIER DE L ÉDUCATION NATIONALE - Numéro spécial, novembre 2004 Kannerliteratur an der Spillschoul Recueil d exemples de bonne pratique Kannerliteratur an der Spillschoul Recueil d exemples de bonne
Pressedossier. Lesung, Konferenz und Ausstellung. Hoffnung op Brasilien. Hoffnungslosegkeet an Neibrasilien
Pressedossier Lesung, Konferenz und Ausstellung Hoffnung op Brasilien Hoffnungslosegkeet an Neibrasilien Mittwoch, den 10. April 2013 um 19h00 im Institut national des langues, 21, boulevard de la Foire,
port-d ARTiste: marie-jeanne jacobs
Gilles WUNSCH port-d ARTiste: marie-jeanne jacobs Eng liewensetapp, tëschent diänjen an dikkrich... an de wee vum duerftheater bis bei däitsch literaturklassiker! Mir haten äis, fir d virbereedungsgespréich,
2015/1 2016/4 REWA NEWS. CIPA Résidence Op der Waassertrap
2015/1 2016/4 REWA NEWS CIPA Résidence Op der Waassertrap 1 Inhalt 3. Editorial vum Här Goelhausen Marco 4. Accompagnementer vum Här Lebboroni René 5. Retro 6. Sport 7. Fester 8. Fotoen 9. Fotoen 10. Infos/
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 StraSSenkünstler / Artistes de rue Stëmm vun der Strooss Strassenkünstler / Artistes de rue 3 Editorial Portraitmaler, Musiker, Pantomimen, Jongleure, Pflastermaler,
Les travaux personnels du Lycée Ermesinde Mersch. Die Kinderrechte. Grethen Lynn. Classe : 5TEC3 Tuteur : Van Riel Jessica Semestre : 1
Les travaux personnels du Lycée Ermesinde Mersch Die Grethen Lynn Classe : 5TEC3 Tuteur : Van Riel Jessica Semestre : 1 Avril 2015 TRAVAIL PERSONNEL DIE KINDERRECHTE Koerich Tutrice: 1 Inhaltsverzeichnis
Zeitung vun der Gemeng Useldeng. RIPPWEILER IEWERLENG USELDENG SCHANDEL September Nr 2/3 vum Joer 2016
Zeitung vun der Gemeng Useldeng RIPPWEILER IEWERLENG USELDENG SCHANDEL September 2016 - Nr 2/3 vum Joer 2016 INHALTSVERZEECHNIS 01 Préface 03 Schoulorganisatioun 2016/17 07 Pollo Bodem Vier Jahrzehnte
BILAN fir d Gemeng Mamer. mamer.csv.lu
BILAN fir d Gemeng Mamer. 2 CSV MAMER-CAP-HOLZEM Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger, LG Marlene Soares 12 Joër Responsabilitéit Mir zéien en houfrege Bilan. D Liewensqualitéit an der Gemeng Mamer ass
Felicitatiounen! Félicitations! Herzlichen Glückwunsch! Congratulations! offerts. (détails au verso) Vous avant tout
Felicitatiounen! Félicitations! Herzlichen Glückwunsch! Congratulations! 50 offerts (détails au verso) Vous avant tout Bébé est arrivé! La BIL se joint à votre bonheur et vous présente ses sincères félicitations
AKTIV AM LIEWEN AKTIVAM LIEWEN. Intergenerationeller Tag. Senioren AkA demie. Vorteile der Karte aktiv 60 + auf dem Schiff River Diva
D Zäitschrëft fir Mënsche mat Liewenserfahrung AKTIVAM LIEWEN AKTIV AM LIEWEN Intergenerationeller Tag auf dem Schiff River Diva DEZEMBER 2013 / No 49 Senioren AkA demie Vorteile der Karte aktiv 60 + Liste