E klénge Compte rendu Bass du Mega vum Gespréich vun der Mme Hetto matt de Schüler am LHCE
|
|
- Heinz Gerstle
- vor 5 Jahren
- Abrufe
Transkript
1 E klénge Compte rendu Bass du Mega vum Gespréich vun der Mme Hetto matt de Schüler am LHCE Den 30.Juni wor d Madame Françoise Hetto-Gaasch an der Mettesstonn am Lycée Hubert Clement zu Esch an den Optiounsklassen Spuenesch vun der Madame Jeanine Eicher an der Diane Kremer. No engem gudde Bréidchen mam Herr Maroldt an dem Herr Theis, ass d Madame Hetto matt hiere Mattaarbeschterinnen dunn am Bios-Auditoire géint halwer eng matt de Schüler zesummekomm. Unfank Mee 2010 hat de Ministère fir Chancegläichheet eng Campagne fir di Jonk gestart an d Madame Hetto wollt elo einfach mol vun deene Jonke wëssen wat si vu Chancegläichheet denken. Op hier éischt Fro, wat sech d Schüler dann iwwerhaapt ënnert dem Wuert Chancegläichheet viirstellen si mol direkt dës Reaktiounen komm : - datt de Patron léiwer Männer astellt wéi Fraen wëll déi Kanner kréien an dann net ëmmer do sin; - datt d Männer besser bezuelt ginn ewéi d Fraen; D Madame Hetto ass drop agaang, datt de Ministère fir Chancegläichhett sech besonnesch fir e Mentalitéitswiessel asetze well an dru schafft, datt d Gläichheet vu Fraen a Männer an eiser Gesellschaft iwwerall erreecht get. Dat geschitt natiirlech duerch Gesetzer, mee awer och duerch politesch Mesuren a virun allem och duerch Sensibiliséierungsaktiounen. Als Schüler mengt ee vlaïcht, bei der Entscheedung wat ee well léieren géif nëmmen di perséinlech Entscheedung mattspillen, mee et spillen och Clichéen matt, viirgefaasste Meenungen, Traditiounen, also villes wat engem mol och guer net sou bewosst ass. 1
2 Jiddereen huet a séngem Kapp traditionnell Rollebiller vu Meedercher a vu Jongen, vu Fraen a vu Männer. D Mme Hetto hëllt als Beispill datt Meedercher sech net souvill fir Technik interesséieren. Et ass effektiv esou, datt op Technik vill manner Meedercher sinn. Ass dat elo well Meedercher näischt matt Technik unzefänke wëssen? Oder leit et och dorunner, datt viirgefaasste Meenungen d Meedercher vun Ufank unn dovunner ofhalen fir an eng technesch Richtung ze goen? Dat selwecht gëllt fir d Jongen. Wirwat sinn nët méi Männer herno am soziale Beräich oder Gesondheetsektor oder am Enseignement? Och an de Schoulen ass d Gläichheet wichteg, also och, datt méi Männer Schoulmeeschter oder Proff gin. Em wat geht et? Et geht drëm, nët vu vireran ze soen Dat do ass näicht fir ë Meedchen oder dat do ass näicht fir ë Jong, dat si viirgefaasste Meenungen an do wëll de Ministère fir Chancegläichhett dru fréckelen. D Mentalitéiten änneren nëmmen ganz lues, an esou eng Aktioun wéi d Campagne Echsimega soll positiv ureegen fir nozedenken. Dat ass d Ziel dovunner. Mentalitéiten gi natiirlech beaflosst vun deem wat mir all Dag gesinn: am Fernseh, am Kino, um Internet, an de Videoen, an de Medien am allgemengen. Och do gi mir alleguerten vu Rollebiller mattgeformt. Ee Beispill aus Spuenien: A Spuenien waren esou vill jonk Meedercher anorektesch gin (dat heescht si hu bal guer näischt méi giess fir nëmmen nët déck ze ginn!) datt ë Gesetz gemaach gouf fir ze verbidden, datt ze dënn Meedercher kënnen eng Karrière als Modell kréien/maachen. Do gesàit een, wéi wäit Virbiller kënnen eist Liewen an Handelen beaflossen. 2
3 Wien interesséiert sech fir waat? Et ginn haut nach ëmmer soi-disant tpyesch weiblech oder männlech Beruffer. Hei fällt op, datt d Fraen sech a bestëmmte Beruffszweiger konzentréieren an nët esou vill, wéi d Männer, an enger méi breeder Palette vu Beruffer schaffen. Och do wier et awer gutt, wann an de Beruffer insgesamt méi en Equiliber wier tëscht Fraen a Männer. Dat beräichert d gesellschaftlecht Liewen a géif verschidde Beruffer och méi valoriséieren. Wierwat soll et beispillsweis nët méi Schoulmeeschter ginn a méi Infirmieren? Wirwat ginn et nët méi Informatikerinnen? Di selwescht Pai fir di selwescht Aarbescht Op Meedchen oder Jong soll keen Afloss dorober hunn, ob ee manner oder méi an der Pai kritt, wann een di selwecht Aarbecht mecht. Dat ass och zënter 1974 gesetzlech verankert. 3
4 Trotzdem gët festgestallt - net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee eigentlech an allen Europäesche Länner -, datt Fraen fir di selwecht Aarbecht, an der selwechter Situatioun, manner verdingen an dat bis zu 14-15%. Dat ass vill an nët novollzéihbar. Och dat ass een vun den Zieler vum Chancegläichheetsministär fir dat ze änneren. Mee et gin awer och Zeechen, datt eppes sech ännert : de congé parental deen gesetzlech viirgesin ass, fir den Elteren et ze erméiglechen e puer Méint bei hiere klenge Kanner ze bleiwen gouf virun 10 Joer nëmmen vu 6% Männer genotzt. Haut sin et awer schon 26%. Interesséiert Iech fir Politik! Et ass dofir wichteg, sech fir Politik a Gesellschaft ze interesséieren, an den Opruf vun der Mme Hetto un d Schüler : Loosst net di aner fir iech décidéieren. Iwwerleet Iech dat ganz gutt. Interesséiert iech fir Politik!. Op de Chefetagen vun de Betrieber a vu groussen Organisatiounen get oft vergiess, datt am Betrieb Frae schaffen déi kompetent sin. Dofir hëlleft de Ministère fir Chancegläichheet de Betrieber matt sougenannten Actions positives méi fir Gläichheet vu Fraën a Männer ze maachen. Et sollt een kéng Ënnerscheeder opgrond vum Geschlecht zouloossen. Mee firwat ginn dann iwwerhaapt Ënnerscheeder gemaach? Firwat ginn et manner Fraën am Handwierk wéi Männer? D Schüler méngen, datt d Fraën sech dacks net wuel fillen, fir nëmmen matt Männer zë schaffen an si ginn net an ë bestemmte Beruf fir ze vermeiden an enger exklusiver Männerwelt ze sin. Eng aner Schülerin mengt, Fräen géifen och vläicht färten, si kéinten sech verletzten bei enger Aarbescht, wou ee Kraft brauch. Et sinn natiirlech och ëmmer perséinlech Viirléiften, déi spillen fir deen een oder aner Beruf ze ergräifen : ee Jong mengt hie wéilt net Schoulmeeschter gin, well hien net frou matt der Schoul wier. Gläichheet a Famill 52% vun de Koppelen gin haut gescheed. Dat get oft ë Probleem wann ee vun den zwee Partner net a Punkto Kotisatiounen a Pensionrechter ofgedeckt ass. Dorun soll een beim Bestiednis denken. Wann eng Koppel gescheed get, an et si Kanner do, ass et och oft e Probleem fir si ze betréien. Do mengen ë puer Schüler, et missten méi Crècheplazen geschafe gin, speziell fir allengerzéiend Mammen (oder Pappen) an déi missten och méi finanziell ennerstëtzt gin. Nei Aarbeschtsperspektiven 4
5 No an no get et ëmmer nei Perspektiven an der Aarbeschtsorganisatioun. D Madame Hetto wëllt beispillsweis den Télétravail méi ënnerstezen, deen et da kéint dë Pappen a Mammen erlaben vun doheem äus ze schaffen an awer bei hiere Kanner ze sinn. D Gesetzer verbidden, datt Fraën a Männer net gläich behandelt gin. Mee vill Leit, mengt eng Schülerin, wëssen datt nët a kennen sech och an de Gesetzer net aus. Do sollt een einfach méi driwwer schwätzen fir jiddereen ze informéieren. Quoten : Gläichheet erzwéngen? An de Verwaltungsréit sëtzen wéineg Fraen. Firwat sin et der esou wéineg? An de nordesche Länner get et elo eng Obligatioun, datt 40% an de Verwaltungsréit vu Fraën besat musse gin. An de nordesche Länner ass fir d éischt Drock gemaach ginn, datt d Entreprisen sech sollte fräiwelleg ëmstellen. No ë puer Joer, wéi nach emmer näischt geännert war, ass do ë Gesetz komm. D Ministësch wëllt vun de Schüler wëssen, wat si dovunner halen. Et kann ee keen zwéngen, méngt ee Schüler fir sech an ë Verwaltungsrot ze mellen. Eng aner Schülerin mengt awer, et misst ee gezwonge ginn an et sollten suguer Geldstrofen ginn wa net genuch Fraën am Verwaltungsrot wieren. Fraën géifen sech einfach och oft net trauen. Als Fra muss een Selbstvertrauen opbauen. Wat ee net huet, kann een awer léieren! E Schüler fënnt, datt een d Fraë sollt lues a lues dorobber viirbereeden an hinnen dee néidege Bagage fir dës Funktioune ginn. Net jiddereen huet direkt déi néideg Kompetenzen fir eng Top-Positioun auszeüben. Dorobber muss een sech einfach och kenne viirbereden. 5
6 Wat mëcht de Ministère fir Chancegläichheet? Wat mecht de Ministère soss nach, wollten d Schüler wëssen. De Ministère fir Chancegläichheet probéiert iwwert de Wee vu Communicatioun Rollebiller vu Fraën a Männer a verstoppte Clichéen visibel ze maachen an ë Mentailtéitswiessel bei de Leit erbäizeruffen. Et gin natiirlech net nëmmen Senisibilisatiounskampagnen lancéiert, mee och eng Rei Etuden gemaach oder subventionéiert. D Themen déi Männer a Fraë betreffen sinn op allen Niveauën 6
7 an der Gesellschaft: Schoul, Aarbescht, Famill, Gewalt doheem, Prostitutioun... Et gin och mol ganz speziell Themen behandelt wéi den Transgender, also Leit déi sech weder als Fra nach als Mann spieren. D Mme Hetto wëll wëssen ob d Schüler fannen, datt ee Prostitutioun légaliséiere sollt. Kann a soll een d Prostitutioun kontrolléieren? Et sollt een se legaliséieren a domadder kéint een se och kontrolléieren, mengen eng Rei Schüler a Schülerinnen. Bei Prostitutioun si oft Gewalt an Drogen am Spill. Di Leit déi als Prositutiuéiert schaffen, si jo och net sozial ofgesëchert. D Mme Hetto sot si géif och wellen een Eros Zenter am Ausland besiche goen fir sech mol ë Bild ze maachen wéi esou eng Ariichtung funktionéiert, wat Viir-an Nodeler sin. Virwat gin d Männer bei d Houeren, freet eng Schülerin. Et get vill sexuell Frustratioun well och d Verständnis an d Kommunikatioun feelt, mengt eng Mattschülerin. D Fraë trauen sech net, dat selwescht ze maachen. Einfach Prosititutioun ze verbidden halen d Schüler awer fir net richteg well et dann verstoppt weidergeet, eben well et eng Demande get. Meedercher bewegen sech manner ewéi d Jongen Wéi bewegen di Jonk sech haut? Eng nei Etude weist op, datt d Meedercher sech vill manner beweegen ewéi d Jongen. Eng Schülerin mengt, dat hätt och matt der Erzéihung ze dinn, well Jongen e Ball an de Grapp gedréckt kréien an dann eraus spille gin, an d Meedercher da méi matt der Popp doheem spillen. Déi ënnerschiddlech Erzéihung an d Aktivitéiten vun deem engen oder aneren géif och matt sech bréngen, datt d Meedercher sech dann insgesamt manner beweegen. Futtball kucken der vill an der Klass. Weess och jiddereen datt de Fraefuttball och vill praktizéiert get 2011 ass d Futtballweltmeeschterschaft vun de Fraën. Ee Jong mengt, hie géif vill léiewer de Frae beim Futtball nokucken wéi de Männer (hilarité générale). Fraën kënne richteg gutt am Sport sinn : D Mme Hetto informéiert, datt Jonglenster (déi Geméng wou si wunnt) elo houfreg ka sinn op den Doublet vun hirer Fussballs-Dammenéquipe. Déi huet nämlech Enn Mee niewt dem Championnat och nach d Coupe de Luxembourg gewonnen. En exploit, dee leider an dë Medien nët déiselwecht Verbreedung fonnt huet, wéi dat elo zum Beispill den Häerefussball hei am Land kennt. Girl sday Boy s Day D Méiglechkeet fir Jongen a Meedercher een Dag am Joer an ë Betrieb ze goen an sech en atypeschen Beruf unzekucken, ass zwar eng gudd Saach, mee vill 7
8 ze wéineg. D Schüler fannen, dat misst vill méi oft sinn, zum Beispill gekoppelt matt engem Stage an der grousser Vakanz. De Girl s-day-boy s Day misst och op sinn fir méi jonk Schüler vun 4e oder 5e an net nëmmen grouss Klassen. Maat Iech elo kee Kapp! Ee Schüler fënnt, datt haaptsächlich iwwer Fraë geschwat get a versteet eigentlech net wat d Chancegläichheet soll sin. D Mme Hetto insistéiert nach eng Kéier drop, datt de Ministère net nemmen Fraën ënnerstëtzt, mee d Gläichheet tëscht Fraën a Männer ënnerstëtzt. Dat hätt näischt matt Feminismus am negative Sënn ze dinn. Wat ass Femininismus? Eng Schülerin mengt, datt een Feminismus net kann als eppes Negatives ukucken. Di jonk Generatioun géif dat net esou verstoen. Et huet absolut näischt matt Männerfeindlechkeet ze dinn, mee heescht, datt een sech fir Chancegläichheet asetzt. D Mme Hetto vertrëtt dee Standpunkt och. Si begéint leider och Fraën déi nemmen d Fraën an dë Mettlepunkt stellen. Mee d Ministesch hällt et fir absolut wichteg, datt och Männer matt hiere Probleemer a Suergen an d Aarbecht vum Gläichstellungsministère abezunn ginn. Ob d Schüler d Gefill hätten, d Meedercher wieren an der Klass beviirdeelegt, wëll d Mme Hetto wëssen. Do sinn d Schüler awer all der Meenung, datt dat net esou ass. Ee Jong mengt, vun de Jongen géif een erwaarden, datt si sech méi behaapten an dofir wieren si vläicht méi wibbeleg wéi d Meedercher. Wéi wäit behuelen di eng sech anescht wéi di Aner? Vläicht kënne sech Meedercher méi einfach mattdeelen wéi Jongen. Et ass eng interessant Fro. Dat heiten méi oft maachen! D Schüler fannen, datt een esouë Gespréich méi oft sollt féieren dat ass vill méi konkret an et get ee méi Saache gewuer wéi wann dat ëmmer nëmmen um Pabeier steet. 8
9 D Mme Hetto seet Merci fir dat flott Gespréich a rifft jiddereen op fir sech méi an der Gesellschaft ze engagéieren, wéi zum Beispill am Jugendparlament. Do steet och eng Informatioun doriwwer um Site echsimega.lu. 9
Dagesausflich Day Center
Dagesausflich 2013 Day Center Musical: Starlight Express zu Bochum den 20.04.2013 Sea Life zu Speyer den 04.05.2013 Phantasialand zu Brühl den 18.05.2013 Musical: Ich war noch niemals in New York zu Oberhausen
ONLINE SAISIE RESULTATER
ONLINE SAISIE RESULTATER Fir kënnen d'resultater vun äre verschiddenen Equippen anzeginn musse verschidde Prozeduren gemaach ginn. A. ARIICHTE VUN DE KONTEN... 2 1. CRÉATIOUN VUN ENGEM VERÄINSKONTO BEI
Outreach Youth Work Maisons des Jeunes - Eine Perspektive für Jugendliche in schwierigen Lebenslagen
Outreach Youth Work Maisons des Jeunes - Eine Perspektive für Jugendliche in schwierigen Lebenslagen Präsentation des Abschlussberichtes der externen Evaluation Universität Luxemburg MSH, am 4. Juni 2018
An der Beruff s Haftpflicht ass just de Preneur d assurance verséchert, a kee Member vum Haushalt.
1. Ech hunn e Waffeschäin ugefrot. Lo krut ech vum Ministère e Bréif zréck, dass ech hinnen misst e Beleg schécken, dass ech eng Haftpflicht ofgeschloss hunn wou och d'verletzungen duerch d'schosswaffen
Schwierige Transitionen in Arbeit und Übergangsprobleme aus der Sicht von Jugendlichen und jungen Erwachsenen
Schwierige en in Arbeit und Übergangsprobleme aus der Sicht von Jugendlichen und jungen Erwachsenen 18. Mai 2017, Jugendherberge Pfaffental Daniel Weis, Dipl. Päd. Patrice Joachim, M. Eval. Inhalt der
Lernprozesse und Lernerfahrungen in Jugendprojekten
Lernprozesse und Lernerfahrungen in Jugendprojekten Eine Studie zu Aspekten non-formaler Bildung in den Projekten von Jugend in Aktion in Luxemburg Vortrag am 08.10.2013 im Rahmen der Rentrée SNJ in Eisenborn
Kultur a Geschicht aus der Regioun. Kreativ Ateliere fir Kanner.
Kultur a Geschicht aus der Regioun. Kreativ Ateliere fir Kanner. Musée folklorique et viticole Folklore- & Weinmuseum Folklore & Wine Museum Wäistuff Bech-Kleinmacher Grand-Duché de Luxembourg Musée folklorique
Wéi kann ech Biller scannen?
Wéi kann ech Biller scannen? Wann een eng Kamera mat engem USB-Kabel un de Computer uschléisst oder e Scanner start (Knäppchen um Scanner) spréngt eng Fënster op wou ee ka wielen mat wéi engem Programm
Hey Joe. E Stéck vum Roland Meyer. an Zesummenaarbecht mam. Centre d'accueil <Mirador> zu Stengefort. fir méi oder manner 20 Kanner
Hey Joe E Stéck vum Roland Meyer an Zesummenaarbecht mam Centre d'accueil zu Stengefort fir méi oder manner 20 Kanner aus dem 2. Zikel vun der Grondschoul Esou wéi mir mat eiser Ëmwelt ëmginn,
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 Kinder von heute. Les Enfants d aujourd hui Stëmm vun der Strooss Kinder. Les Enfants 3 Editorial Spielen, toben, Spaß haben, Freunde finden, Phantasie, Träumen,
déi Jonk am Mouvement Écologique
move.meco.lu déi Jonk am Mouvement Écologique Jugendgrupp Engagement Projeten Aktivitéiten Ëmweltbildung Virwuert move. ist die eigenständige Jugendgruppe des Mouvement Écologique für Jugendliche bis
Mä eigentlech bräuche mer keng Zuele, mir gesinn a mierken d Äuswiirkunge vun dëse Krisen och esou.
29. 04. 2009 (Et gëlt dat geschwatent Wuert) Nationalvirstand vum OGBL zu Grevenmacher Dir Dammen an dir Hären, Léif D Welt befënnt sech an enger déiwer Kris, enger Wirtschaftskris, enger sozialer Kris,
Newsletter. Musée de la Police a.s.b.l. N 01 Januar - Februar 2017 Seite 1. Quelle : wort.lu
N 01 Januar - Februar 2017 Seite 1 (Vorwort) Vor Ihnen liegt die N 01 des Newsletter der asbl Policemusée. Es ist dies bereits das 4. Erscheinungsjahr unserer News. An dieser Stelle wünscht der Vorstand
Juin 2014 Nummer 03 neiegkeeten. Den Ofschloss-Concert vun de 50 Joer Ligue HMC. De collectif DADOFONIC spillt den Zirkus Sardam
neiegkeeten v u m G r u p p F o r u m En Interview mam Jean-Claude Koenig Den Ofschloss-Concert vun de 50 Joer Ligue HMC De Gebuertsdags - Timber vun der Ligue HMC ass do! Meine Damen und Herren, spillen
Gemeinschaftlech Solaranlag an der Gemeng Jonglënster
Gemeinschaftlech Solaranlag an der Gemeng Jonglënster 2012 Staatliche Subventionen & Einspeisevergütung Einspeisevergütung grossherzogliche Verordnung 8/02/2008 In Abhängigkeit des Inbetriebnahmedatums
Newsletter Projet LEADER Intégration 2014_2 «Miselerland zesummen an d Zukunft!»
d Newsletter Projet LEADER Intégration 2014_2 «Miselerland zesummen an d Zukunft!» Dir Dammen an Hären, Dir hutt heimat déi zweet Newsletter vum LEADER Miselerland Projet Pacte d Intégration fir d Joer
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 prévention. prävention Stëmm vun der Strooss prévention. prävention 3 Editorial Prävention ist eine gesamtgesellschaftliche Aufgabe, d.h., dass sie jeden Einzelnen
Nov, Dec Nummer 3/2016/2017
Nov, Dec Nummer 3/2016/2017 LES LOUTRES DE MERSCH, Adresse officielle: Les Loutres de Mersch A.S.B.L B.P.31 L-7501 MERSCH FNEL Adresse rédaction Loutres News c/o Schmit Ander 27, rue Quatre-Vents L-7562
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF 2 WAT MAACHEN NO DER THERAPIE? STËMM VUN DER STROOSS WAT MAACHEN NO DER THERAPIE? 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 Typesch Lëtzebuerg?! Stëmm vun der Strooss Typesch Lëtzebuerg?! 3 Editorial Wat ass fir iech typesch Lëtzebuerg? D Lëtzebuerger solle gär gutt iessen, wann een
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 kulturpass Stëmm vun der Strooss kulturpass 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas pu apprendre à lire!
Luxemburgisch auf Facebook: Sprachideologien auf Gruppenseiten
Luxemburgisch auf Facebook: Sprachideologien auf Gruppenseiten Luxemburg heute Statec (2009) Größe: 2,586 km 2 Bevölkerung: 493,500 In Luxemburg lebende Ausländer: 42.6% (hauptsächlich aus EU-Mitgliedstaaten)
Wéi stellt dir Iech d'zukunft vir? Wéi wäert se sech an Ären Aen weiderentwécklen?
Leitfrage Nr. 1: Wéi stellt dir Iech d'zukunft vir? Wéi wäert se sech an Ären Aen weiderentwécklen? Ergebnisse aus dem Workshop: * Die Priorisierung (A + B = C) setzt sich zusammen aus der Priorität des
Lëtzebuerger am KZ Sachsenhausen
Lëtzebuerger am KZ Sachsenhausen E Bäitrag vun der Mme José Gaasch-Trauffler, Amicale vun Sachsenhausen 129 Lëtzebuerger waren zu Sachsenhausen gefaangen an an Aussenlager an Aussenkommandoen. D Lëtzebuerger
Ich kann Portugiesisch!
60 Pädagogik Dossier forum 236 Simone Johann Semaines de lecture im Escher Projekt Ale Lycée Ich kann Portugiesisch! Zum UNESCO-Welttag des Buches am 23. April verteilte man wie in den Vorjahren an die
Muedebëtzeg vum Roland Meyer Ausgezeechend mat dem Lëtzebuerger Buchpräis 2012 an der Kategorie Literatur
Muedebëtzeg vum Roland Meyer Ausgezeechend mat dem Lëtzebuerger Buchpräis 2012 an der Kategorie Literatur www.roland-meyer.lu meyerr@gms.lu Seite 1 Kritiken Hei eng Rei Réckmeldungen, déi ech an diene
Meinung und Musik Wie geht das zusammen?
Meinung und Musik Wie geht das zusammen? War Musik schon immer ein Medium, um seine Meinung auszudrücken? Oder ist sie es erst im Laufe der Jahrhunderte geworden? Der Versuch einer Antwort und ein Blick
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 TRAUMFÄNGER Stëmm vun der Strooss TRAUMFÄNGER 3 Editorial I have a dream, Martin Luther Kings bekannteste Rede mit der Aufforderung nach Gleichheit, gegen Diskriminierung
Benoît, 11 Jahre. Weltkannerdag. Am 20. November haben die Kinder das Sagen
Benoît, 11 Jahre Weltkannerdag Am 20. November haben die Kinder das Sagen Yara, Céline, Brianna, Angelo, Dutch, Hugo, Daniel, Mariana, Ana-Paula, Shawn und Fabio Gedanken zum Dag vun de Die untenstehenden
Erënnerungen un d Liberatioun 1944/45
AUS DEM LIEWEN ERZIELT Erënnerungen un d Liberatioun 1944/45 EDITIOUN SERVICE RBS Dëst Buch ass zesummegestallt gi vum RBS-Biographiegrupp: Emil Angel Marthe Haan-Duval André Hausmann Jacqueline Orlewski-Eyschen
Déclaration sur le programme gouvernemental Xavier Bettel. Premier ministre, Ministre d Etat
Déclaration sur le programme gouvernemental 2018-2023 11.12.2018 Xavier Bettel Premier ministre, Ministre d Etat 1 Här President, Dir Dammen an Dir Hären, De Programm fir d Legislaturperiod 2018-2023 ass
Zousazmaterial. Kapitel 3
Zousazmaterial Kapitel 3 1 Kapitel 3 Säit 40, Übung 3 Klasséiert d Verben aus der Übung 2 S.40 an déi dräi Kategorien. Trennbar Verben Reflexiv Verben Trennbar a reflexiv Verben Fëllt den Text mat de Verben
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 der hund. Le chien Stëmm vun der Strooss der hund. le chien 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas pu
PARCOURS M. Locatiounsprais:90 /Dag 140 / 2 Deeg. Liwwerung,Op-an Oofbau:vun 45 un
SPRANGSCHLASS.LU as ären zouverlässegen Partner zu Lëtzebuerg wann et fir Locatioun vun engem Sprangschlass, XXL-Spill, Funfood-Maschin, Partyzelt oder XXL-Outdoorspill as. Sprangschlass LU SPRANGSCHLASS.LU
port-d ARTiste: roland meyer
gilles wunsch port-d ARTiste: roland meyer Konstemer blues... Fréijoer 2014, schwéier wolleken hänke well moies fréi iwwer konstem, a wann déi déck päck sech nach eng grimmel weider oppompelen an nach
pas en vente libre / kein freier Verkauf
pas en vente libre / kein freier Verkauf 2 urgence. Notfall Stëmm vun der Strooss urgence. Notfall 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas pu apprendre
AKTIVITÉITEN. 2. Semester Lu2 Lundi Geschichte schreiwen. 12:15-13:05 max: 12 Schüler Salle: (D1CYB) CYBERCAFE;
AKTIVITÉITEN 2. Semester 2017 2018 Lu1 Lundi Gesellschaftsspiller 11:30-12:15 max: 12 Schüler Salle: N105; An dëser Aktivitéit kënnt der all Woch nei Gesellschaftsspiller entdecken an ausprobéieren! Et
Service d information, de consultation et de rencontre E~F NEWS S.2...Informatiounen aus dem E~F
Service d information, de consultation et de rencontre E~F NEWS 6 2013 S.2...Informatiounen aus dem E~F S.3...Internationalen Daag vun de Leit mat enger Behënnerung S.5...Interessanterweis notéiert S.9...Kaffispaus
Minister reagéiertdronen zu Lëtzebuerg: Wat däerf een a wat net?
Minister reagéiertdronen zu Lëtzebuerg: Wat däerf een a wat net? Nodeems eng Dron um dem Findel fir Opreegung gesuergt hat, huet de François Bausch elo eng Partie Recommandatiounen erausginn. Links LINK:
Dossier de l'animateur A
Dossier de l'animateur A Dossier de l animateur Dossiers édités par la commission consultative à la formation des animateurs : 01 Animateur ginn, Animateur sinn 02 Sëcherheet / Sécurité 03 Kachen a Brachen
SALUTI. Der Frühling ist endlich da!! Yuhuuu. Nummer 219 Auflage 200. Day Center Stadt 47, rue de Wiltz L-2734 Luxembourg Tel: Fax:
déc Nummer 219 Auflage 200 47, rue de Wiltz L-2734 Luxembourg Tel: 29 63 51 Fax: 29 63 52 Centre culturel A Maesch 4, rue de l Eglise L-9142 Biirden Tel: 26 87 70 33 LUTI Programm Mai 2015 Anmelden für
El Salvador - Luxembourg
Bulletin de la Fondation Luxembourg - El Salvador Juin 2010 XLII /2 El Salvador - Luxembourg Haut u mar denken Wéi eis Wierker op laang Siicht kënne weider bestoen Léif Leit, Vill Matbierger ënnerstëtzen
SexuelL Gewalt. ouni mech!
SexuelL Gewalt ouni mech! Intr ducti un Sexuell Verstéiss géintiwwer vu Kanner a Jugendlechen, ginn eis all eppes un. Besonnesch d Verhënnere vu Strofdoten ass eng Aufgab fir déi ganz Gesellschaft. Rotschléi,
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF 2 WUNNEN ZU LËTZEBUERG STËMM VUN DER STROOSS WUNNEN ZU LËTZEBUERG 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas
dekéisecker (!4FD00A-bgbabe! Nohalteg Entwécklung: mäin Oxygène fir déi nächst 5 Joer Interview mam neien Emweltminister Lucien Lux
Längst vorbei sind die Zeiten, in denen man bei Naturtextilien gleich an bräunliche Schlabberpullis dachte! Mittlerweile findet man für jeden Geschmack das Passende und die Naturtextilien stehen der konventionellen
Bahá í Emissiounen um Radio ARA
2000-2007 Bahá í Emissiounen um Radio ARA www.ara.lu www.bahai.lu Inhalt Aféierung 8 1 Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff 9 1 Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an
R M R PATENSCHAFTEN DIRECTRICE SENEGAL NEWS
PATENSCHAFTEN Während eiser Aarbecht an deene läschte Joeren, ass Rokku Mi Rokka zu Mboro ëmmer méi op weider Kanner mat enger Behënnerung opmierksam ginn. Fir deene ville Kanner, an deenen domadder verbonnene
Virum Film: Reklamm: BGL-Reklamm als Letzebank-Reklamm 01 PROLOG AM HIMMEL 01
ONST GEWESSEN (AT) Virum Film: Reklamm: BGL-Reklamm als Letzebank-Reklamm Intro 01 PROLOG AM HIMMEL 01 Am Himmel: De Péitruss steet un engem groussen Picco-Bello-Rad, op deem verschidde Kontinenter/Regiounen/Länner
op ee bléck editorial 5-8 Ein Hoch auf uns 5 Chère lectrice, cher lecteur 6 pedagogie 9-11 fir Iech gelies: Lehrersprache
op ee bléck editorial 5-8 Ein Hoch auf uns 5 Chère lectrice, cher lecteur 6 pedagogie 9-11 fir Iech gelies: Lehrersprache d liewen um fieldgen 12-57 Diplomiwwerreechung 2015 12 Fête du mérite 20 Fête d
Commentaire Editioun 2017
Commentaire Editioun 2017 Index: 1. Aleedung 2. Mat Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? Lëtzebuergesch léieren a. D Zilgrupp b. D Léierwierk 3. D Ausernanersetzung mat der Sprooch a. D Héierverstoen b. D Liesverstoen
Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert
Julie Muller-Barthélemy Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert E Liewen tëschent Beruffstätegkeet, politeschem Engagement a Benevolat Editions RBS 2 Julie Muller-Barthélemy Erënnerungen aus engem beweegte
Ried vum Jean Huss iwwert déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik (Séance publique N 30, Compte Rendu N 09)
16.03.2006 Ried vum Jean Huss iwwert déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik (Séance publique N 30, Compte Rendu N 09) M. Jean Huss (DÉI GRÉNG).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, erlaabt mer am Numm
Richtung 22 Sommer Jugend ohne Job. Intro.
Richtung 22 Sommer 2011. Jugend ohne Job. Intro. (Bilder von Jugendlichen werden an die Wand projeziert, dazu der Text hilflos, perspektivlos, respektlos, hirnlos, ahnungslos, herzlos, antriebslos und
Dossier spécial: ZUKUNFT FUTUR
2 ZUKUNFT - FUTUR STËMM VUN DER STROOSS ZUKUNFT - FUTUR 3 Dossier spécial: ZUKUNFT FUTUR Editorial: Zukunft Heute finden sie leicht Anschluss und man legt viel Wert auf ihre Meinung. Sie haben nachmittags
capybarabooks Der Verlag capybarabooks wurde 2012 von Susanne Jaspers und Georges Hausemer in Luxemburg gegründet.
capybarabooks Der Verlag capybarabooks wurde 2012 von Susanne Jaspers und Georges Hausemer in Luxemburg gegründet. Die Schwerpunkte der Verlagstätigkeit liegen auf deutschsprachiger Belletristik, Sach-
Lëtzebuergesch als Friemsprooch Kannbeschreiwungen Sproochlech Handlungen Zorte vun Texter Sproochlech Aufgaben
Lëtzebuergesch als Friemsprooch Kannbeschreiwungen Sproochlech Handlungen Zorte vun Texter Sproochlech Aufgaben Niveau A2.2 Allgemeng Kompetenz Ka Sätz an dacks gebrauchten Ausdréck am Zesummenhank mat
BUDGET Présenté par Vera SPAUTZ Bourgmestre f.f.
BUDGET 2014 Présenté par Vera SPAUTZ Bourgmestre f.f. Conseil communal du 13 janvier 2014 D RIED ZUR PRESENTATIOUN VUM BUDGET 2014 Dat vergaangent Joer 2013 huet hei zu Lëtzebuerg insgesamt, a fir eis
Editorial. Nr. 103 Jahrgang 104. Donnerstag, 3. Mai 2018 EUROPEAN NEWSPAPER AWARD - BESTE LOKALZEITUNG EUROPAS 2018
www.tageblatt.lu Donnerstag, 3. Mai 2018 EUROPEAN NEWSPAPER AWARD - BESTE LOKALZEITUNG EUROPAS 2018 Nr. 103 Jahrgang 104 Editorial Gianni Di Paoli, Schüler a Chefredakter vun der Tageblatt-Spezialausgab
KéiséckerN (!4FD00A-bgbabe! schön, geheimnisvoll und gefährdet 4,50 # Nachhaltigkeit lernen - Zukunft gestalten
KéiséckerN 03 2009 de Die Wildkatze schön, geheimnisvoll und gefährdet 4,50 # Interview Minister Cl. Wiseler & M. Schanck im Interview 8 Bildung 18 Ëmfro 23 Nachhaltigkeit lernen - Zukunft gestalten ILRES-Umfrage
Editorial. Erhuelungsraum entstanen? A wat kënne mir maachen, fir ons wäertvoll Ökosystemer ze schützen?
Editorial Wéi ech dëse Summer an d Redaktioun vun der Stëmm vun der Strooss komm sinn, fir de Michel Hoffmann, deen sech ee Joer fräi geholl huet, ze ersetzen, do hu mir decidéiert, eng Zeitung iwwert
Instrumenter. déi een an der Garnecher Musek. ka spillen
Instrumenter déi een an der Garnecher Musek ka spillen oder Wéi een Instrument kënnt fir mech a Fro? E liicht verdaulecht Informatiounsblat fir Préparatoireschüler an hir Elteren Aleedung D Garnecher Musek
D Kriiss vun eiser Pastoral e neien Ufank OSTERN. Mir mierke wann d Ismen an alle Formen. Islamismus oder soss iergend een Ismus
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement D Kriiss vun eiser Pastoral e neien Ufank OSTERN Ech hunn oft d Gefill wann eng Versammlung eriwwer ass, dat do war e gudde Grupp. Dat war eng
Eise Promi am Interview: Jeff Strasser a mat engem interessante Bäitrag vum:
Numero 2: Juli 2018 Eise Promi am Interview: Jeff Strasser a mat engem interessante Bäitrag vum: CATCH UP AUS DE FIEDERE VUM FELIX, SAMY & YANN Eis Fiederen.....1 Impressum...2 Kleng Aleedung....1 EENT
Zeitung fir den Ëffentlechen Déngscht. Et wor emol 2/2009. eng Publikatioun vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond
Zeitung fir den Ëffentlechen Déngscht Et wor emol 2/2009 eng Publikatioun vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond Inhalt 2/2009 Entrevue mam bäigeuerdneten Generalsekretär Joé Spier 4 We love
Deklaratioun iwwert d Aussepolitik
Deklaratioun iwwert d Aussepolitik presentéiert vum Här Jean Asselborn Ausseminister a Minister fir Europäesch Froen virun der Chamber den 13. Mäerz 2018 Et zielt dat geschwatent Wuert DEKLARATIOUN IWWERT
Ech léieren sangen, Noute liesen an een Instrument spillen an der Musekschoul
www.kaerjengermusekschoul.lu an Zesummenaarbecht mat de Musekschoule vun Déifferdeng a Péiteng, ewéi och der Gemeng Dippech Ech léieren sangen, Noute liesen an een Instrument spillen an der Musekschoul
Integratioun vu Kanner mat enger Behënnerung. Dossier de l animateur numéro 5
Integratioun vu Kanner mat enger Behënnerung Dossier de l animateur numéro 5 1 Dossier de l animateur numéro 1 : Animateur ginn Animateur sinn Dossier de l animateur numéro 2 : Sëcherheet Dossier de l
Nichts vorzuwerfen! ist, man behält den Überblick über das Gesagte. Das wird in der zweiten Hälfte des Interviews
10 forum 392 Politik Nichts vorzuwerfen! Ein aktuelles Beispiel, mit welchen Techniken man auf unangenehme Fragen reagieren und Leser und Zuhörer in Verwirrung bringen kann, liefert der neue CSV-Präsident
Integratioun vu Kanner mat enger Behënnerung
05 Integratioun vu Kanner mat enger Behënnerung Dossier de l animateur Dossier de l animateur Dossiers édités par la commission consultative à la formation des animateurs : Inhalt 01 Animateur ginn, Animateur
Guide du Futur Étudiant
Guide du Futur Étudiant EDITION 2015-2016 100% MUSIQUE Spotify Premium avec mon mobile POST écoute hors connexion sans pub Plus de 30 millions de titres! www.post.lu AVANT PROPOS DE L ÉDITEUR Laurent Heyder
Programm Dezember 2018 Fax:
Nummer 262 Auflage 200 déc LUTI 47, rue de Wiltz L-2734 Luxembourg Tel: 29 63 51 Handy: 621451475 Programm Dezember 2018 Fax: 29 63 52 621451471 Änderungen vorbehalten Centre culturel A Maesch 4, rue de
Club Senior. Jousefsclub Réimech. www.jousefshaus.lu
Club Senior Jousefsclub Réimech 6 2013 www.jousefshaus.lu VIRWUERT 1 PILATES 2 RÉCKEFITNESS 3 YOGA 4 WELLNESSMASSAGEN 5 SENIORENDANZ 6 LËTZEBUERGESCH RICHTEG SCHREIWEN 7 KEELE SPILLEN 8 GEBÄERDENSPROOCH
École fondamentale. Pédagogie et didactique- Recueil de textes Concours de recrutement 2012
École fondamentale Pédagogie et didactique- Recueil de textes Concours de recrutement 2012 Recueil de textes didactiques - vf 2012.indd 1 21/12/11 11:46 Ministère de l Éduction nationale et de la Formation
Aktivitéiten 1.Semester
Aktivitéiten 1.Semester 2016 2017 Lu1 Lundi Badminton 12:15-13:00 max: 18 Schüler Salle: Hall sportif; Niewt Übungsformen fir déi richteg Techniken am Badminton kennenzeleieren, konzentreiere mer eis haaptsächlech
duerf Wann ech ganz éierlech sinn, da WM 2014 Lëtzebuerger fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement 6 / 2014 Juni
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement WM 2014 Wann ech ganz éierlech sinn, da verstinn ech net vill vu Fussball an ech weess och net ob ech eng sportlech Persoun sinn. Ma dach ginn
Abrëll Oktober Collège échevinal et Service à l Egalité des chances entre femmes et hommes - Gemeng Suessem
Abrëll 2008 - Oktober 2008 Collège échevinal et Service à l Egalité des chances entre femmes et hommes - Gemeng Suessem Programm 2008 - Iwwersiicht: Virwuert 3 Das Schulprojekt "Zesumme si mir staark!"
Ein neuer Sinn 14 Leben geht wieder und weiter 15 Freiheit und Toleranz ausüben 16 Der Sinn im Sinn ausüben 17 Tania Draut
Editorial Sinn des Lebens Index Dossier spécial: Sinn des Lebens Le sens de la vie Life s but a walking shadow, a poor player that struts and frets his hour upon the stage, and then is heard no more: it
AKTIVITÉITEN 2. Semester
AKTIVITÉITEN 2. Semester 2016 2017 Lundi Poschen an Etuien op der Bitzmaschinn bitzen 11:30-13:05 C0AR2; All 2. Woch 2 Stonnen Dir duerft och eng Mëttespaus maachen! Loscht kreativ a ganz perséinlech Poschen,
Indien/Luxemburg: auf einen Blick
Wir haben viele Gemeinsamkeiten und dennoch ist unser Leben grundsätzlich verschieden. Aditi Keano Indien/Luxemburg: auf einen Blick Namasté! Namasté! Ich heiße Kiran und stehe jeden Morgen um 5 Uhr auf.
Die Positionen der luxemburgischen Parteien zur nationalen und europäischen Verteidigungspolitik
Verteidigung September 2017 35 Die Positionen der luxemburgischen Parteien zur nationalen und europäischen Verteidigungspolitik Auf den folgenden Seiten finden unsere Leser Stellungnahmen der sechs im
port-d ARTiste: marion michels
gilles wunsch port-d ARTiste: marion michels ghw ghw... ee liewe mat ville sproochen! Déi éischt impressioun, deen éischte kontakt ass wuel ëmmer decisiv, fir alles wat nokënnt, a verbonne mat erënnerungen,
Sprooch a Sproochen am éischte Cycle
Sproochlech Bildung am éischte Cycle Deel 3: Sprooch a Sproochen am éischte Cycle Impressum Déi konkret Beispiller an dësem Recueil ginn typesch Situatiounen aus dem Schoulalldag erëm a versichen, wichteg
Remise de sept nouvelles certifications
Remise de sept nouvelles certifications 13 octobre 2014 Données générales: 91 communes signataires 73 avec conseiller externe 18 avec conseiller interne 5 certifications 40% 5 certifications 50% 4 certifications
materiell Moyenen hunn, fir hir Matmënschen
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement Et gëtt nach Hoffnung... Seid demütig, friedfertig und geduldig, ertragt einander in Liebe und bemüht euch, die Einheit des Geistes zu wahren
WOHNEN T E I L 1 NEU! Meine Lebensform im Alter. Zum Herausnehmen und Sammeln
S E P T E M B E R 2 0 1 4 WOHNEN T E I L 1 Meine Lebensform im Alter NEU! Zum Herausnehmen und Sammeln Eine Vielzahl von Wohn- und Betreuungsformen stehen älteren Menschen in Luxemburg zur Verfügung. Das
ERKLÄR MIR LIEBE. Hand aufs Herz : Wer könnte das? Die Liebe bleibt eine unerklärliche Zustandsentwerferin
ERKLÄR MIR LIEBE Hand aufs Herz : Wer könnte das? Die Liebe bleibt eine unerklärliche Zustandsentwerferin und das ist gut so. Das KALEIDOSKOP vermittelt in seinem neuen Spielplan 2015/16 eine, nein vier,
De Platte Knuet. Scoutstechniken. Let s go out! Käler Avex. Let s Go Urban! N PZäitschrëft vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten
PZäitschrëft vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten De Platte Knuet N 2 2016-2017 Käler Avex Let s Go Urban! Virbereedung op de Camp Scoutstechniken Poster mat Kniet Let s go out! Spiller fir dobaussen E
SALUTI. Endlich Sommer!! Wir wünschen euch allen einen schönen, sonnigen Sommer und entspannte, erholsame Ferien!! Nummer 234 Auflage 200
Nummer 234 Auflage 200 déc 47, rue de Wiltz L-2734 Luxembourg Tel: 29 63 51 Fax: 29 63 52 Day Center Norden Centre culturel A Maesch 4, rue de l Eglise L-9142 Biirden Tel: 26 87 70 33 SALUTI Programm August
Wann een nach eng Kéier an d Schoul kéint goen... Pierre Mellina Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng
ÉCOLE LAMADELAINE Umbau & erweiterung Schoul Lamadelaine begleitende Broschüre zur Offiziellen NEUERöFFNUNG am 25.März 2015 VORWORT Wann een nach eng Kéier an d Schoul kéint goen... D Gemeng Péiteng ass
duerf Du awer géi hin a verkënneg dem Härgott Säi Räich! (Lk 9, 60) Léif Frënn, fir dëst Zitat aus dem Lukasevangelium Lëtzebuerger
Lëtzebuerger duerf fir e chrëschtlecht a sozialt Engagement Du awer géi hin a verkënneg dem Härgott Säi Räich! (Lk 9, 60) Léif Frënn, fir dëst Zitat aus dem Lukasevangelium hunn sech de Charles Bremer
Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung. B1.1 B1.2 B1.3 Testversioun 2012
Leitfuedem fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch an der Erwuessenebildung B1.1 B1.2 B1.3 Testversioun 2012 B1 Léierziler Déi sproochlech Handlungen, déi den Apprenant an der deeglecher Kommunikatioun um
6Lëscht. Bestëmmt Är Zukunft. Stëmmt d CSV.
6Lëscht Bestëmmt Är Zukunft. Stëmmt d CSV. D CSV huet en Häerz fir Kanner. D Kannergeld as em 2.000 Frang pro Mount fir all Kand gehuewe gin. Bei gläichem Akommes bezillt eng Koppel pro Kand 36.000 Frang
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF
PAS EN VENTE LIBRE / KEIN FREIER VERKAUF 2 WOUHIN...? STËMM VUN DER STROOSS WOUHIN...? 3 Que celui ou celle qui sait lire, lise et partage ce journal avec celui ou celle qui n a pas pu apprendre à lire!
Les travaux personnels du Lycée Ermesinde Mersch. Die Kinderrechte. Grethen Lynn. Classe : 5TEC3 Tuteur : Van Riel Jessica Semestre : 1
Les travaux personnels du Lycée Ermesinde Mersch Die Grethen Lynn Classe : 5TEC3 Tuteur : Van Riel Jessica Semestre : 1 Avril 2015 TRAVAIL PERSONNEL DIE KINDERRECHTE Koerich Tutrice: 1 Inhaltsverzeichnis
60 e anniversaire du réseau des écoles associées de l UNESCO
Sonderausgabe Die Zeitung der Strassener Grundschulkinder 60 e anniversaire du réseau des écoles associées de l UNESCO In der Zeit vom 22. Oktober bis zum 12. November 2013 haben wir, d.h. einige Kinder
Ëmweltwochen am Matgesfeld
Ëmweltwochen am Matgesfeld GAART - KULTUR - LANDSCHAFT Ëmweltwochen organiséiert vum Schäfferot, dem Ëmweltbüro, der Ëmweltkommissioun an dem Klimateam aus der Gemeng Suessem 17. JUNI 2017 bis den 30.