Dagesausflich 2013 Day Center
Musical: Starlight Express zu Bochum den 20.04.2013 Sea Life zu Speyer den 04.05.2013 Phantasialand zu Brühl den 18.05.2013 Musical: Ich war noch niemals in New York zu Oberhausen den 08.06.2013 Shopping zu Frankfurt-am-Main den 20.07.2013 Shopping zu Nanzeg den 03.08.2013 Völklinger Hütte zu Völklingen den 12.08.2013 Parc Sainte-Croix zu Rhodes den 26.08.2013 Chrëschtmaart zu Stroossbuerg den 30.11.2013 Chrëschtmaart zu Köln den 07.12.2013
Musical: Starlight Express Samschdes den 20.04.2013 Fort: um 09:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 21:30 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Bochum de Musical Starlight Express kucken. Nom gemeinsame Mëttegiessen gi mir de Starlight Express kucken. Dëse Musical gëtt et elo schonn zanter 25 Joer an huet scho Milliounen vun Zuschauer mat senge schéine Lidder, extravagante Kostümer a gewote Rollschong-Akrobatien begeeschtert. Dësen Dagesausfluch kascht +- 140. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer, d Mëttegiessen an den Entréesticket bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 25 Täschegeld mat.
Sea Life Samschdes den 04.05.2013 Fort: um 08:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 19:30 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Speyer an de Sea Life. Mir verbréngen ee flotten Dag am Sea Life Park. Hei kann ee die faszinéierend Ënnerwaasserwelt besser kenne léieren. Hei gëtt et vill ze gesinn: vill verschidden Déieren, wéi zum Beispill Schildkröten, Haifësch oder Krokodilen, Waasserplanzen an esou weider. Dësen Dagesausfluch kascht +- 68. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer, d Mëttegiessen an den Entréesticket bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 30 Täschegeld mat.
Phantasialand Wéini:? Samschdes den 18.05.2013 Fort: um 08:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 20:00 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Brühl an d Phantasialand. Mir verbréngen ee flotten Dag am Phantasialand. Dëse Park huet vill verschidden Attraktiounen wou fir jiddereen eppes dobäi ass: vun opreegenden Achterbunnen bis hin zu méi rouegen Bootstouren. Mir kënnen op d Spiller goen, verschidde Showen kucken goen an esou weider. Dësen Dagesausfluch kascht +- 67. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer an den Entréesticket bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 40 Täschegeld mat. (heimatter gëtt och d Mëttegiessen bezuelt)
Musical: Ich war noch niemals in New York Samschdes den 08.06.2013 Fort: um 09:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 21:00 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Oberhausen de Musical vum Udo Jürgens Ich war noch niemals in New York kucken. Nom gemeinsame Mëttegiessen gi mir de Musical vum Udo Jürgens Ich war noch niemals in New York kucken. Den Udo Jürgens ass een vun de gréissten däitschen Sänger eiser Zäit an begeeschtert mat senger Lidder a Concerten Millioune vun Zuschauer. Hei erliewen mir sei musikalescht Liewenswierk mol eng Kéier ganz anescht a kënnen eis op seng 20 erfollegräichste Lidder freeën. Dësen Dagesausfluch kascht +- 180. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer, d Mëttegiessen an den Entréesticket bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 25 Täschegeld mat.
Shopping zu Frankfurt-am-Main Samschdes den 20.07.2013 Fort: um 07:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 19:30 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Frankfurt shoppen. Mir verbréngen ee flotten Dag zu Frankfurt. Mueres nom Ukommen gi mir e puer Sehenswierdegkeeten kucken. Da gi mir zesummen iessen. Nom Iessen hu mir da gutt Zäit fir ze shoppen éiert mir eis dann um 16:00 Auer erëm zréck op den Heemwee maachen. Dësen Dagesausfluch kascht +- 77. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer an d Mëttegiessen bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach Täschegeld mat wann dir shoppen wëllt.
Shopping zu Nanzeg Samschdes den 03.08.2013 Fort: um 08:30 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 18:30 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Nanzeg shoppen. Mir verbréngen ee flotten Dag zu Nanzeg. Mueres nom Ukommen fueren mir ee gemittlechen Tour mam Bummelzuch, wou mir den historeschen Zentrum mat senge schéine Gebaier aus dem 18. Joerhonnert vu Nanzeg entdecken. Da gi mir zesummen iessen. Nom Iessen kënne mir shoppen goen an esou weider. Dësen Dagesausfluch kascht +- 52. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer, d Mëttegiessen an d Fahrt mam Bummelzuch bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach Täschegeld mat wann dir shoppen wëllt.
Völklinger Hütte Méindes den 12.08.2013 Fort: um 09:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 17:00 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Völklingen an d Völklinger Hütte. Mueres nom Ukommen kréien mir eng Visite Guidée op däitsch vun annerhallwer Stonn vun der Völklinger Hütte gehalen. Dësen impressionanten Héichuewen gehéiert zum Weltkulturerbe vun der UNESCO a seng Visite gläicht engem richtegen Abenteuer. No der Visite Guidée gi mir zesummen iessen. Nom Iessen hu mir da nach gutt Zäit fir d Völklinger Hütte op eis eege Fauscht kucken ze goen. Dësen Dagesausfluch kascht +- 58. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer, d Mëttegiessen, den Entréesticket an d Visite Guidée bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 25 Täschegeld mat.
Parc Sainte-Croix Méindes den 26.08.2013 Fort: um 08:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 18:00 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Sainte-Croix an den Déiere-Park. Mir verbréngen de ganzen Dag an der Natur a kënne vill verschidden Déieren gesinn a fotograféieren wéi zum Beispill Hirschen, Bieren oder Wëllef. Dës Déieren beweegen sech frei am Park a kennen de Kontakt mat de Leit. An der Mëttesstonn gi mir zesummen an de Restaurant vum Park iessen. Präis: Dësen Dagesausfluch kascht +- 61. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer, d Mëttegiessen an den Entréesticket bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 25 Täschegeld mat.
Chrëschtmaart zu Stroossbuerg Samschdes den 30.11.2013 Fort: um 08:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 19:45 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Stroossbuerg op de Chrëschtmaart. Mir verbréngen ee flotten Dag zu Stroossbuerg um Chrëschtmaart. Dëse Chrëschtmaart gëtt et schonn zanter 1570 an ass een vun de berühmtesten an Europa. Hei erwaarden eis vill verschidde Stänn wou ee vill kucken, schmaachen a kafen kann. An der Mëttesstonn gi mir zesummen an ee Restaurant zu Stroossbuerg iessen. Dësen Dagesausfluch kascht +- 52. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer an d Mëttegiessen bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 40 Täschegeld mat.
Chrëschtmaart zu Köln Samschdes den 07.12.2013 Fort: um 08:00 Auer am Day Center an der Stad Zréck: um 20:15 Auer am Day Center an der Stad Mir fueren op Köln op de Chrëschtmaart. Mir verbréngen ee flotten Dag zu Köln um Chrëschtmaart. Hei kann een wonnerschéin Krëppen aus der ganzer Welt gesinn an op vill Stänn goen wou et vill ze kucken, ze schmaachen an ze kafen gëtt. Dësen Dagesausfluch kascht +- 52. Heimatter gëtt de Bus, de Chauffer an d Mëttegiessen bezuelt. Bréngt den Dag selwer awer och nach +- 40 Täschegeld mat. Wëlls du mat op een Dagesausfluch goen? Da mell dech bis spéitstens den 20.02 2013 am Day Center un. Tel: 29 63 51 Opgepasst: Dës Umeldung ass provisoresch fir gewuer ze ginn, wien a wéivill Leit wëlle matfueren. Esou bal mir dat genee wëssen, kritt dir vun eis eng Bestätegung geschéckt!!